De Lëtzebuerger Nationalfeierdag ass zu Lëtzebuerg en offizielle Feierdag a gëtt all Joer den 23.
Juni">23. Juni gefeiert. Zanter der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg gëtt deen Dag de Gebuertsdag vum jeeweilege Monarch gefeiert an den Dag gouf (a gëtt) dowéinst och als Kinneksdag, Kinneksgebuertsdag oder Groussherzogs- respektiv Groussherzoginsgebuertsdag bezeechent.
Den Nationalfeierdag gouf net ëmmer um 23. Juni gefeiert. Ënner dem Wëllem I (1815-1840) gouf en de 24. Abrëll gefeiert, obscho säi Gebuertsdag de 24. August war.
Ënner dem Wëllem II (1840-1849) gouf den Dag effektiv op sengem Gebuertsdag, dem 6. Dezember gefeiert wat dozou gefouert huet, datt 1840 den Nationalfeierdag zweemol gefeiert gouf.
Ënner dem Wëllem III (1849-1890) gouf den Dag bis 1859 de 17. Juni gefeiert, duerno war et den 19. Februar, zwéin Deeg no sengem Gebuertsdag.
No der Trennung vum hollänneschen a lëtzebuergeschen Herrscherhaus 1890 gouf ënner den Nassau-Weilburger Monarchen den Nationalfeierdag op dem jeeweilege Gebuertsdag gefeiert. 1947 gouf den Dag als offizielle Feierdag deklaréiert.
Ënner der Herrschaft vun der Groussherzogin Charlotte (1919-1964) ass d'Feier op den 23. Januar gefall, also matzen an de Wanter an och hiren Trounfolger Jean hat säi Gebuertsdag am Januar. Dofir gouf den 23 Dezember 1961 duerch e groussherzogleche Beschloss, aus reng klimatesche Grënn, decidéiert, den Nationalfeierdag op den 23. Juni ze verleeën (bis 2006 war et esou, datt wann deen Dag op e Sonndeg gefall ass, de Feierdag op de 24. Juni verluecht gouf),. Dësen Dag gouf och ënner hiren Nofollger um Troun bis elo bäibehalen.
2020 an 2021 waren, wéinst der COVID-Pandemie, vill vun den uewen ernimmte Punkten a reduzéierter Form oder ganz annuléiert.
Commons: Lëtzebuerger Nationalfeierdag – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lëtzebuerger Nationalfeierdag, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.