E Mount (vu Mound) ass eng Zäiteenheet an en Deel vun engem Joer.
Jee no Definitioun ass e Mount vun ënnerscheedlecher Dauer:
Lunatiounen – resp. hir Moyenne, de Synodesche Mount – op der Grondlag vu gläichen Äerdmoundphase maachen d'Grondbausteng vun den éischte Kalenneren, déi Lunar- oder Moundkalenner waren, a spéider deelweis zu Lunisolarkalenner weider entwéckelt goufen. Dës Kalennere sinn och haut nach a villen Deeler vun der Welt am Gebrauch, a beispillsweis de jiddesche Kalenner, den islamesche Kalenner an den traditionelle chineesesche Kalenner bezeechne weiderhin e Phasenduerchlaf vum Äerdmound als Mount. An der Zäit vun engem Sonnejoer leie vill Moundméint, soudatt ee bei der Aféierung vun engem Solar- oder Sonnekalenner d'Längt vun de Méint entspriechend huet missen upassen. Sou eng Bannung vun der Joreslängt un d'Dauer vun engem Äerdëmlaf ronderëm d'Sonn an déi domat verbonnenen Trennung vun de Méint vum Moundlaf goufe fir d'éischt am alen Egypten am Joer 238 v. Chr. agefouert. De Julius Caesar huet dëse Kalenner am Joer 46 v. Chr. och fir d'réimesch Republik iwwerholl.
Nieft dësem julianesche Kalenner an dem gregorianesche Kalenner, deen en ofgeléist huet an haut fir déi meescht Mënschen alldeeglech ass, sinn och nach e puer aner Sonnekalenneren am Gebrauch, bei deenen ee (Kalenner-)Mount als e bestëmmten Deel vum Sonnejoer mat enger festgeluechten Zuel vun Deeg definéiert gëtt, beispillsweis de griichesch-orthodoxe Kalenner, de koptesche Kalenner, den zoroastresche Kalenner, den iranesche Kalenner, de Malayalam-Kalenner an och verschidden südasiatesch Kalenner.
De Mount als Period vum Äerdmound op sengem Ëmlaf ëm d'Äerd.
Follgend astronomesch Méint beschreiwen Mëttelwäerter, déi dofir op eng Standardepoch (am Moment J2000.0) bezu sinn:
An der Astronomie gëtt am Allgemengen d'Zäitspan tëscht zwou Widderhuelunge en Ereegnes, dat mat dem Ëmlaf vun engem belibege Mound ëm säi Planéit zesummenhänkt, also all vollstännegen Ëmlaf, als Mount bezeechent.
Lëtzebuergesch | anere lëtz. Numm | Ofkierzung | Däitsch | Franséisch | Englesch |
---|---|---|---|---|---|
Januar | Haartmount | Jan | Januar | janvier | January |
Februar | Spierkel | Feb | Februar | février | February |
Mäerz | Lenzmount | Mäe | März | mars | March |
Abrëll | Fréileng | Abr | April | avril | April |
Mee | Bléiemount | Mee | Mai | mai | May |
Juni | Broochmount | Jun | Juni | juin | June |
Juli | Heemount | Jul | Juli | juillet | July |
August | Karschnatz | Aug | August | août | August |
September | Hierschtmount | Sep | September | septembre | September |
Oktober | Wäimount | Okt | Oktober | octobre | October |
November | Wantermount, Allerhellegemount | Nov | November | novembre | November |
Dezember | Chrëschtmount | Dez | Dezember | décembre | December |
Commons: Months – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Mount, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.