Gesondheet

D'Gesondheet ass en Zoustand vun allgemengem Wuelbefannen, bei deem de Kierper net vun enger Verletzung oder Krankheet betraff ass.

Et gëtt verschidden Definitioune vun der Gesondheet. D'Weltgesondheetsorganisatioun huet d'Gesondheet vum Mënsch esou definéiert:

Gesondheet ass en Zoustand vu vollstännegem kierperlechem, geeschtegem a sozialem Wuelbefannen, an net nëmmen d'Absence vu Krankheet oder Gebriechen.

Gesondheet ass e kulturell an historesch villschichtege Begrëff. Jee no wëssenschaftlecher Disziplin gëtt en ënnerschiddlech verstanen. Och de subjektive Gesondheetsbegrëff vun all eenzele Mënsch variéiert staark, an ass zum Beispill ofhängeg vum Alter, dem Geschlecht, der Bildung an dem kulturellen Hannergrond. Déi naturwëssenschaftlech Konzeptioun vun der Gesondheet ass vill méi restriktiv a baséiert op engem bio-medezinesche Modell. Deem géintiwwer steet e ganzheetleche Begrëff vun der Gesondheet. Gesondheet ka sech op den eenzele Mënsch bezéien, also als Zoustand vu kierperlechem a geeschtegem Wuelbefannen, oder als physesch a psychesch Funktiouns- a Leeschtungsfäegkeet verstane ginn. Gesondheet kann och als Géigebegrëff zur Krankheet verstane ginn a beschreift dann de wënschenswäerten "Normalzoustand" als normatiivt Konzept als Absence vu Krankheet. Gesondheet kann och op e Kollektiv, zum Beispill d'Bevëlkerung, bezu ginn a beschreift dann d'Ausmooss vun enger gerénger Krankheetslaascht an där Populatioun.

Och an der Flora an der Fauna gëtt d'Konzept vun der Gesondheet applizéiert. Am iwwerdroene Sënn schwätzt een och vu Gesondheet an anere Kontexter, zum Beispill an der Ëmwelt an an der Wirtschaft.

Déi franséisch Iwwersetzung Santé bezeechent am Lëtzebuergeschen d'ëffentlech Verwaltung, déi d'Gesondheetswiese reguléiert a kontrolléiert. Zu Lëtzebuerg sinn dat d'Direction de la santé an de Gesondheetsministère.

Referenzen

Tags:

Kierper (Biologie)KrankheetVerletzung

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Juegd zu LëtzebuergHip-HopJean FetzLoretta YoungCorinna HarfouchIndienFränz HausemerUkraineschAuteursrechtAlerte au SudEdmond de la FontaineEsch-Uelzecht2024AustralienEngleschLa LuxembourgeoiseRTL Radio LëtzebuergWikipediaEnzyklopedieBockfielsMathias SchiltzElektronikUlrich MüheBerylliumRover (Raumfaart)Uergelmanufaktur KlaisRTL GroupAries (Stärebild)MuttergottesoktavGlen Campbell.kiMëttwochJean AsselbornFuerschungPaul ReilesChristianne WicklerReginald KernanHubert ClementBernard CribbinsGilles GenotOmanDe FeierwonJacques PerrinMia MalkovaJemp SchusterBlo1989Wëllem IV. vu LëtzebuergMarie-Adélaïde vu LëtzebuergHaaptsäit/Op engem/AbrëllLëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen1859Villa ClivioRégine RenchonHimmelsdéierchen, fléi!Margaretha vu LëtzebuergEuropäesche WirtschaftsraumFlèche du SudCOVID-19-PandemiePodcastAlgerienKosmesch StralungInterstellarKinnekräich MakedonienAserbaidjanNorwegenNeuffontaines🡆 More