De Februar (Spierkel) ass den zweete Mount am Gregorianesche Kalenner.
<< | Februar | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | |||
5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 |
12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 |
19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 |
26 | 27 | 28 | 29 | |||
2024 |
Normalerweis huet hien 28 Deeg, an engem Schaltjoer sinn et der 29. Et ass awer och dräimol an der Geschicht virkomm, datt et en 30. Februar gouf.
Den Numm kënnt vum Laténgesche (mensis) februarius "Rengegungsmount" a bezeechent de leschte Mount am alréimesche Joer an deem senger zweeter Hallschent Rengegungs- a Sühneaffer fir déi Lieweg an déi Doudeg gemaach gi sinn (vgl. och: lat. februare = rengegen, februum = Rengegungsmëttel).
D'Bezeechnung Spierkel am ale lëtzebuergesche Kalenner kënnt vu Spierk, der Méizuel vu Spuerk, wat näischt anescht wéi e Bam- oder Zantstomp ass - eng Form wéi se och d'Äiszapfen hunn, déi een an deem Mount dacks un den Diech oder u Fielse fënnt.
Den alen däitschen Numm ass Hornung, Sporkel oder Schmelzmond. De Begrëff Hornung huet laut Duden "Baaschtert" bedeit a sech dorop bezunn dat de Februar de kierzte Mount am Joer war, also gewëssermoossen de Stoussnéckel.
Well de Februar de leschte Mount am Réimesche Kalenner war, war et Brauch, een oder zwéi Schaltdeeg bäizehänken. Dëse Brauch gouf vum julianeschen a vum Gregorianesche Kalenner iwwerholl.
Commons: Februar – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Méint |
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Februar, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.