D'Deklinatioun gëtt an der Astronomie als eng Koordinat bei de Positiounsdonneeën vun Himmelsobjete gebraucht.
Si entsprécht der Projektioun vum Breetekrees vun der Äerd op eng (imaginär) Himmelskugel. D'Deklinatioun gëtt soude Wénkelofstand vun engem Objet vum Himmelsequator un. Wäerter nërdlech vum Equator si positiv, Wäerter südlech dovu sinn negativ. Als Symbol gëtt an der Astronomie de Buschtaf δ benotzt.
D'Deklinatioun hänkt enk mat der astronomescher Héicht zesummen, ass awer onofhängeg vun Observatiounsplaz an -zäitpunkt. Um Nordpol ass d'Deklinatioun mat der maximaler Héicht identesch.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Deklinatioun (Astronomie), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.