Den equatoriale Koordinatesystem ass ee vun de geozentresche Koordinatesystemer, déi an der sphärescher Astronomie gebraucht ginn.
E rotéiert entweeder mat der Himmelskugel (System dee rotéiert) oder ass un de Meridian gebonnen (uertsfeste System).
Am Géigesaz zum ekliptikale Koordinatesystem, deen als Bezuch dee vun der Ekliptik (visuell Joresbunn vun der Sonn um Himmel) beschriwwene Plang huet, gëtt de Plang vum Himmelsequator gebraucht.
D'Positioun vun engem Objet um Himmel gëtt duerch zwou Koordinaten uginn:
System dee rotéiert:
De Fréijoerspunkt verréckelt sech duerch d'Prezessioun lues géint de Stärenhimmel, wat ze beuechten ass.
Uertsfeste System:
D'Virzeeche vun der Deklinatioun trennt d'Himmelskugel an d'Nord- a Südhemisphär.
D'Ëmrechnung tëscht de verschiddenen astronomesche Koordinatesystemer ass am Haaptartikel Astronomesch Koordinatesystemer beschriwwen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Equatoriale Koordinatesystem, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.