Den Himmelsequator ass de Grousskrees op der geduechter Himmelskugel, op deem um se vum Plang vum Äerdequator geschnidde gëtt.
Anescht ausgedréckt: wann een an de Mëttelpunkt vun enger gliesener Äerdkugel eng Luuchtt stellt, ass den Himmelsequator d'Projektioun vum Äerdequator. Hien deelt d'Himmelskugel an eng Nord- an an eng Südhallschent.
Well d'Äerdachs géintiwwer vum Plang vum Sonnesystem schréi steet, schneit den Himmelsequator d'Ekliptik – de visuellen Niveau vun der Ëmlafbunn vun der Sonn ëm d'Äerd – an engem Wénkel vun 23,44° (Schréicht vun der Ekliptik). Déi béid Schnëttpunkte gi Fréijoerspunkt oder Hierschtpunkt genannt, well en an hinnen d'Projektioun vun der Sonn un déi visuell Himmelskugel, bei den Equinoxen am Fréijoer oder am Hierscht fënnt.
Well d'Äerdachs eng Prezessiounsbeweegung mécht, ännert sech am Laf vun der Zäit och den Himmelsequator.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Himmelsequator, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.