Juni 1967 eng reng Fräiwëllegenarméi, déi aus ronn 1200 Zaldoten, Kapereel, Ënneroffizéier, Offizéier an Ziviliste besteet. Eng Loftwaff gëtt et säit 2021, eng Marinn existéiert net.
D'Zaldote sinn zanter 1967 exklusiv um DikrecherHärebierg an der Kasär Grand-Duc Jean, déi et awer schonn zanter 1955 gëtt, stationéiert.
Offizéier: Général, Colonel, Lieutenant-Colonel, Major, Capitaine, Lieutenant en 1er, Lieutenant
Am Géigesaz zu deene meeschten aneren Arméien, huet d'Lëtzebuerger Arméi ëmmer just ee Generol OF-6, de Chef d'État-major de l'Armée.
D'maximal Kadergréisst läit bei 110 Offizéier, 260 Ënner-Offizéier an 100 Kapereel.
Organisatioun
D'Lëtzebuerger Arméi wéi mer se haut kenne geet op d'Gesetz vum 29. Juni 1967 zeréck, dat den obligatoresche Militärdéngscht ofgeschaaft an déi nei Organisatioun vun der Arméi gereegelt huet.
Ech erfëlle meng Missioun mat Entschlossenheet, Verantwortung an Initiativ a kucken dono eréischt no mir.
Wann noutwenneg setzen ech ënner Asaz vum eegene Liewe meng Waffe kontrolléiert an.
Ech respektéieren d'Dignitéit vun all Mënsch an hale mech un internationaalt an humanitäert Recht, d'Gesetzer a Reglementer.
Am Respekt vun den Traditiounen trieden ech an Éieren op a weise Courage och ënner schwéieren Ëmstänn.
Ech beweise Professionalismus, Disponibilitéit a Flexibilitéit a schaffe permanent u mir.
Ech si riicht an éierlech, hu Respekt an Disziplin a gi mam gudde Beispill vir.
Missiounen
D'gesetzlech Funktioun vun der Lëtzebuerger Arméi steet ganz am Kader vun der Force publique.
National
Bedeelegen un der Verdeedegung vum Territoire vum Groussherzogtum am Fall vun engem arméierte Konflikt
Bedeelegen un der Protektioun vu liewenswichtege Punkten a Raim vum nationalen Territoire
Ënnerstëtze vun aneren ëffentlechen Administratiounen a vun der Populatioun am Intressi vun der grousser Allgemengheet an am Fall vu Katastrophen
Ubidde vun enger Virbereedung op Beruffer am ëffentlechen oder private Secteur fir fräiwëlleg Zaldoten
International
Bäidroen un der kollektiver oder gemeinsamer Verdeedegung, am Kader vun den internationalen Organisatiounen an deenen de Groussherzogtum Member ass
Am selwechte Kader: Bedeelegen un Humanitär- an Evakuatiounsmissiounen, Friddensmissiounen, souwéi Force de Combat Missioune fir d'Bewältege vu Krisen, inklusiv Operatioune fir Fridden ze schafen
Bedeelegen un der Verifikatioun an der Kontroll vun der Ausféierung vun den internationale Missiounen an deenen de Groussherzogtum Member ass.
Bis 2025 sollen all d'Hummer an Dingoen ersat ginn. Dëst duerch 80 nei CLRV (Commandement, de liaison et de reconnaissance) Gefierer vum selwechten Typ. Si sollen tëscht 15-20 Joer am Asaz sinn.
An der Loft
D'Lëtzebuerger Defense huet den 13. Juni 2001 mat de Belschen Homologen, am Kader vun NATO Verflichtungen, eng Konventioun ënnerschriwwen, fir zesummen een AirbusA400M Militär Transportfliger ze kafen. 2005 gouf en entspriechend Gesetz ugeholl.
No 7 Joer Retard wéinst technesche Problemer, huet den 13. Abrëll 2020 den A400M zu Sevilla säin éischten Testfluch gemaach. Zanter August flitt e mat de Lëtzebuerger Faarwen. Mat der Seriennummer "MSN104" an ënnert der militärescher Immatrikulatiounsnummer CT-01, ass de Lëtzebuerger Transportfliger den 8. Oktober 2020 owes um Findel ageweit ginn.
Den CT-01 gëtt um belsche Stëtzpunkt zu Melsbroek zesumme vun der Lëtzebuerger a Belscher Arméi bedriwwen, Lëtzebuerg stellt bis zu 6 Piloten an 6 Loadmaster zur Verfügung..
Asätz
A senger éischter Missioun am Mee 2021, huet den A400M 13 Zaldote vun der Lëtzebuerger Arméi an de Mali bruecht.
Am Hibléck vun der Evakuatioun vu Mënschen aus der Afghanescher Haaptstad Kabul, ass den CT-01, den 18. August 2021 op Islamabad an de Pakistan geflunn. 93 Europäesch Matbierger konnte sou virun den Taliban flüchten.
De 27. August 2021 ass den A400M de Kontingent EUTM Mali 2021-03 vum Findel an de Mali geflunn.
Waasseropbereedungsanlag WTC 1600 GT a Waasserverpakungsanlag WPS 1600 GT
Literatur
Jacques Leider: L'armée luxembourgeoise d'après-guerre - Structures, fonctions, fonctionnement; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1993.
Paul Cerf: Le Luxembourg et son armée - Le service obligatoire au Grand-Duché de Luxembourg de 1945 à 1967 ; Lëtzebuerg (RTL Édition), 1984; 217 Säiten (ill.). ISBN 2-87951-044-9
Willy Bourg, zesumme mam André Muller: Eis Garde - Die Geschichte der Grossherzoglichen Garde (1945-1966) im Rahmen der luxemburgischen Pflichtarmee, Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1990.
Willy Bourg, zesumme mam André Muller: Ons Arméi - Die Luxemburger Pflichtarmee 1944 bis 1967, Band I, Lëtzebuerg (Eegeverlag), 1997.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lëtzebuerger Arméi, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.