De Philippe Schaus, gebuer de 6.
Juni">6. Juni 1963, ass e lëtzebuergeschen Ingenieur a Manager.
Philippe Schaus | |
---|---|
Gebuer | 6. Juni 1963 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | INSEAD |
Aktivitéit | Ingenieur |
No sengem Secondaire am Stater Kolléisch huet hie vun 1982 bis 1987 op der Universitéit vu Léck Fligerbau studéiert an duerno e Business MBA um INSEAD gemaacht.
De Schaus war vun 1992 bis 2002 am Conseil d'administration vu Villeroy & Boch, duerno Generaldirekter bei Degrenne an huet méi spéit beim DFS Group, enger Filial vum Grupp LVMH, déi hire Sëtz zu Hong Kong huet, geschafft. Hie war do Group President - Merchandising and Marketing a vun 2012 bis 2017 Chief Executive Officer an Chairman vum Grupp. Zanter Enn 2017 huet hien déi Positioun bei Moët Hennessy.
Säi Grousspapp war den Eugène Schaus.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Philippe Schaus, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.