Alexandra Vu Lëtzebuerg: Prinzessin vu Lëtzebuerg a Prinzessin vun Nassau a Bourbon-Parma

D'Alexandra Joséphine Teresa Charlotte Marie Wilhelmine vu Lëtzebuerg, gebuer de 16.

Februar">16. Februar 1991 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg, ass Prinzessin vu Lëtzebuerg a Prinzessin vun Nassau a Bourbon-Parma.

Alexandra vu Lëtzebuerg
Alexandra Vu Lëtzebuerg: Liewen, Studium, Patronagen
D'Prinzessin Alexandra (2008)
Titelen
Biographie
Gebuer 16. Februar 1991
Lëtzebuerg
Bestuet mat Nicolas Bagory
Papp Henri vu Lëtzebuerg
Mamm Maria Teresa Mestre
Geschwëster Guillaume vu Lëtzebuerg, Félix vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg
Alexandra Vu Lëtzebuerg: Liewen, Studium, Patronagen
Monogramm vun der Prinzessin Alexandra

Liewen

Si ass dat véiert Kand an eenzeg Duechter vum Groussherzog Henri a senger Fra, der Groussherzogin Maria Teresa. Si ass d'Giedel vum Prënz Gabriel.

D'Prinzessin Alexandra ass zanter 2009 Titulaire vum Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau.

Den 22. Abrëll 2023 gouf si op der Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg mam Fransous Nicolas Bagory bestuet, deen den 11. November 1988 an der Bretagne gebuer gouf. Eng Woch drop, den 29. Abrëll hu si sech an der Kierch Saint-Trophyme zu Bormes-les-Mimosas bestuet a Presenz vum traditionalistesche Bëschof vu Fréjus-Toulon, dem Monseigneur Dominique Rey, dee politesch dem Rassemblement national nosteet an dem apostouleschen Nuntius Franco Coppola, deen d'Hochzäitsmass presidéiert huet.

Studium

No der Primärschoul zu Angelsbierg huet si hire Secondaire zu Lëtzebuerg am Lycée Vauban gemaach wou se 2009 den Ofschlossdiplom krut.

Si huet duerno Psychologie a Sozialwëssenschaften an den USA studéiert an duerno e Philosophieofschloss zu Paräis gemaach, mam Schwéierpunkt Eethik an Anthropologie. Si huet duerno hire Studium um Trinity College zu Dublin ofgeschloss.

Zanter 2017 huet Si e Master an interreliéise Studie vun der Irish School of Ecumenics mat enger Spezialisatioun an der Konfliktléisung.

Patronagen

D'Prinzessin Alexandra iwwerhëlt e Patronage vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga an der Lëtzebuerger Blannevereenegung.

Fräizäit

D'Prinzessin Alexandra beschäftegt sech mat Literatur a frieme Kulturen. Si mécht Sport an huet eng Zäit laang gedanzt a geturnt. Hautdesdaags spillt se Tennis, fiert Schi a Waasserschi.

Gielercher

Um Spaweck

Commons: Alexandra vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Alexandra Vu Lëtzebuerg LiewenAlexandra Vu Lëtzebuerg StudiumAlexandra Vu Lëtzebuerg PatronagenAlexandra Vu Lëtzebuerg FräizäitAlexandra Vu Lëtzebuerg GielercherAlexandra Vu Lëtzebuerg Um SpaweckAlexandra Vu Lëtzebuerg16. Februar1991Lëtzebuerg (Stad)Maternité Grande-Duchesse Charlotte

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Seychellen1933Sylvia SymsAl Kierch Rued-SirJazzVokalKommunistesch Partei LëtzebuergTessy Antony-de NassauNationalstrooss 10D1945Claude HaagenLëtzebuergesch97RiselenTijuanaEisenPAuguste LieschBeidler3Thierry MerschBuket AlakuşJosiane PeiffertasmanienHenri III. vu FrankräichRTL Radio LëtzebuergAirbus A350Éislek1895Alexander Weyer6MammerentSchlass AansebuergGer SchlechterÄischdallGoldBrigitte Urhausen1949LDidier1869Lambert HerrMarc HoffmannDe Superjhemp retörnsAngelina Jolie1927Hei elei, kuck eleiOns Heemecht18672111RomaEssen (Nordrhein-Westfalen)Jean GiraudKlausLëtzebuerger KantonenKubaArmando BauschHotel Alfa1293James StewartErnest ErsfeldEech um BicherhaffWolfgang KielingLaaschentLe jeu des sept erreursLëscht vun de Lëtzebuerger Paren1🡆 More