De Superjhemp Retörns: Lëtzebuergesche Film vum Félix Koc

De Superjhemp retörns ass e lëtzebuergesche Spillfilm vum Félix Koch, deen am Fréijoer 2017 gedréint gouf, den 19.

Oktober 2018 seng Avant-première hat an de 24. Oktober 2018 an de Kino koum. E baséiert op de Personnagen aus der Comic-Serie Superjhemp vum Roger Leiner a Lucien Czuga.

De Superjhemp retörns
De Superjhemp Retörns: Ëm wat geet et am Film?, Soss, Literatur
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg,
Belsch
Produktiounsjoer 2017-2018
Première 24. Oktober 2018
Dauer 140 min.
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Félix Koch
Dréibuch Félix Koch an Thierry Faber, no de BDe vum Roger Leiner a Lucien Czuga
Fotografie Dylan E. Thompson
Musek Félix Raffel
Schnëtt Paul Maas
Produzent Claude Waringo, Raoul Nadalet, Patrick Quinet, Claude Kongs
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Artémis Productions
Schauspiller
André Jung als Charel Kuddel
Désirée Nosbusch als Félicie Kuddel-Fleck
Etienne Halsdorf als Metty
Luc Feit als Léandre Schrobiltgen
Jules Werner als Avant-Premier Brettel
Jules Waringo als Prënz Luc
Henri Losch als Haffmarschall
Jean-Paul Maes als Erni Tendo
Julie Kieffer als Tanja Trajet
Tommy Schlesser als Tom Jitée
Adèle Wester als Jill
Fabienne Hollwege als Léonie Lamesch
Sophie Mousel als Félicie Fleck (jonk)
Konstantin Rommelfangen als Charel Kuddel (jonk)
Roland Gelhausen als Mike
Marcel Heintz als Krécher
Christian Kmiotek als Kloor-Rosen
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre
De Superjhemp Retörns: Ëm wat geet et am Film?, Soss, Literatur

Ëm wat geet et am Film?

De Prënz Luc soll an e puer Deeg zum Klengherzog vu Luxusbuerg gekréint ginn. Houfreg gëtt seng zukünfteg Kroun an enger Ausstellung zu 100 Joer Monarchie ausgestallt. Ma do verschwënnt op eemol, duerch e sophistikéierten elektronesche System, deen e Schwaarzt Lach provozéiert huet, d'Hallschecht vun der Kroun. D'Police steet virun engem Rätsel. De Prënz Luc proposéiert dofir, de Superjhemp, vun deem ee jorelaang näischt méi héieren hat, erëmzefannen an ëm Hëllef ze bieden...

Soss

Den Regisseur Andy Bausch hat schonn ëm d'Joer 2000 zesumme mam Lucien Czuga en Dréibuch fir d'Verfilmung vum Superjhemp-Comic geschriwwen. Den Thierry van Werveke hätt sollen d'Titelroll spillen. Mee well de Lëtzebuerger Filmfong eng finanziell Ënnerstëtzung fir d'Filmproduktioun refuséiert huet, ass de Projet am Sand verlaf.

D'Produktiounsgesellschaft Samsa Film krut am September 2015 e Subside an Héicht vu 60.000 Euro vum Lëtzebuerger Filmfong accordéiert fir d'Dréibuch vum Film ze entwéckelen. Den Aarbechtstitel war dunn nach Superjhemp et fils. Duerno krut se nach e weidere Subside vun 2.564.998 Euro fir de Film ze produzéieren.

De Film gouf ë. a. am Schlass Siwebueren an an de Büroe vun RTL gedréint.

De Superjhemp Retörns: Ëm wat geet et am Film?, Soss, Literatur 
De Superjhemp fiert mat Emile Wibbel.

Als Marketing-Gag hu verschidde Firmen, wéi de Film erauskoum, d'Opschrëfte mat hiren Nimm (op Gefierer, Butteker oder Produkter) deelweis duerch déi parodistesch Versioun ersat, déi s'am Superjhemp kruten.,

Bis Mëtt Dezember 2018 waren iwwer 50.000 Leit de Film an de Kino kucken. Domat huet De Superjhemp retörns de Rekord vum lëtzebuergesche Film mat deene meeschten Zuschauer gebrach, a gouf och den Nummer 1 am Box-Office 2018 zu Lëtzebuerg. Uganks Mäerz 2019 war d'Zuel vun de Spectateuren op 60.000 geklommen.

De Film ass am November 2019 op Blu-ray an DVD erauskomm.

De Superjhemp retörns gouf um Lëtzebuerger Filmpräis 2021 mam Präis fir dee beschte lëtzebuergesche Laangfilm ausgezeechent.

Literatur

  • Lucien Czuga: De Superjhemp Retörns - De Making Öf vum Film. 2018.

Kuriéises

Am Band 11 Superjhemp - Aktioun Réiserbunny aus dem Mäerz 1998 ass an enger Geschicht - knapps 30 Joer ier de Film erauskoum - schonn e Filmplakat "Superjhemp - De Film" ze gesinn.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: De Superjhemp retörns – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Fiche bei Artemis Productions

Referenzen

Tags:

De Superjhemp Retörns Ëm wat geet et am Film?De Superjhemp Retörns SossDe Superjhemp Retörns LiteraturDe Superjhemp Retörns KuriéisesDe Superjhemp Retörns Kuckt ochDe Superjhemp Retörns Um SpaweckDe Superjhemp RetörnsComicFélix KochLucien CzugaLëtzebuerg (Land)Roger LeinerSuperjhemp

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

KlitorisFeilMasturbatiounDesniéLycée Hubert-ClémentKierch HeischentStiefesdagRoger DiederichWikipediaLuc FriedenRomain BauschVulvaWhatsAppMëttelamerikaGeorges Eugène HaussmannLex Weyer (1966)TelekommunikatiounKasachstanGrand EstElisabeth MargueDäitsch-OthFrançoise ThomaMarie HeinzZäitIechternachPit RomersaTom JungenCapellenJoerLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderRafael SpringerKoordinéiert WeltzäitKolerBoosselenFlouernummComité flamand de FranceJohn Churchill, 1. Herzog vu MarlboroughLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergÄerdbiewen16. Abrëll2012Robert GoebbelsKarl MarxBernard-MassardKrichLëtzebuerger Filmpräis 2018MinettstramLëtzebuerger Filmpräis 2021PolenMaximilian SchellOta NalezinekRTL Radio LëtzebuergDéi GréngLee Van CleefLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenTony AwardsJoresofschlossWaldbëlleger AffärLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenRobert BrandyGattung (Biologie)NordirlandWienRobert KrantzMyriam Spiteri Debono16. MäerzKanton LëtzebuergGoldstandard🡆 More