De Roger Leiner, gebuer den 2.
Februar">2. Februar 1955 zu Wolz a gestuerwen den 29. Dezember 2016 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Comicszeechner, Illustrateur a Karikaturist.
Roger Leiner | |
---|---|
Pseudonym | airelle, LR, Reniél, M.A. Rienel, RL |
Gebuer | 2. Februar 1955 Wolz |
Gestuerwen | 29. Dezember 2016 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Cartoonist, Fonctionnaire, Karikaturist, Zeechner |
No sengem Lycée zu Dikrech huet de Roger Leiner op der "Université des Sciences Humaines" zu Stroossbuerg Arts plastiques studéiert. Vun 1979 bis 1986 war hie Staatsbeamten am Wirtschaftsministère. Duerno war hien haaptberufflech Zeechner a Karikaturist.
Ufanks vun den 1980er Joren huet hie fir d'Filmrubrik am Tageblatt gezeechent, an zanter dem Dezember 1982 huet en all Woch Karikature fir d'Lëtzebuerger Land gemoolt.
Vun 1987 bis 2014 huet hien zesumme mam Lucien Czuga de Superjhemp erausbruecht.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Superjhemp.
Aner Wierker vun him a vum Lucien Czuga sinn:
Ausserdeem huet de Roger Leinert eng Abberzuel vun Illustratioune fir Pechbiller, Buchcoveren, Schoulbicher, Plakater, Invitatiounen, Reklammen, asw. gezeechent,
Hie war bestuet a Papp vun dräi Kanner.
Commons: Roger Leiner – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Roger Leiner, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.