D'Sylvia Syms, gebuer de 6.
Januar">6. Januar 1934 zu Woolwich (Quartier vu London), a gestuerwen de 27. Januar 2023, war eng englesch Schauspillerin.
Sylvia Syms | |
---|---|
Gebuertsnumm | Sylvia May Laura Syms |
Gebuer | 6. Januar 1934 Woolwich |
Gestuerwen | 27. Januar 2023 |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Sänger, Regisseur |
Si war an iwwer 120 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn. Si huet a bedeitende Filmer wéi am Krichsfilm Ice Cold in Alex (1958) vum J. Lee Thompson mam John Mills an Anthony Quayle an am dramatesche Kriminalfilm Victim (1961) vum Basil Dearden mam Dirk Bogarde an Dennis Price matgespillt. Si hat an hire Filmer bekannte Partner wéi Hardy Krüger, Lilli Palmer, William Holden, Sophia Loren, Anthony Hopkins an Helen Mirren.
Si ass d'Mamm vun der Schauspillerin Beatie Edney.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Sylvia Syms, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.