Si ass d'Duechter vun der Schauspillerkoppel Jon Voight a Marcheline Bertrand. D'Elteren hu sech awer ee Joer no hirer Gebuert getrennt, si ass bei der Mamm opgewuess. 2002 huet si hire Familljennumm ännere gelooss, fir näischt méi mat hirem Papp ze dinn ze hunn.
Mat fënnef Joer stoung se eng éischt Kéier virun der Kamera. E gewëssen Opdriff krut hir Karriär uechtzéng Joer méi spéit, wéi se 1998 fir hir Roll an der Filmbiografie George Wallace (1997) mam Golden Globe als "Bescht Niewenduerstellerin an engem Fernseesfilm" ausgezeechent gouf an eng Nominéirung fir den Emmy krut. Hiren internationalen Duerchbroch hat se awer eréischt 2001 mat der Roll als Videospillheldin Lara Croft a Lara Croft: Tomb Raider. Hire gréisste kommerziellen Erfolg war den Actionkaméidisfilm Mr. & Mrs. Smith (2005).
D'Angelina Jolie huet 1996 de brittesche Schauspiller Jonny Lee Miller bestuet, sech awer schonn ee Joer duerno nees vun em getrennt. 2000 huet si dunn den 20 Joer méi ale Schauspiller Billy Bob Thornton bestuet, vun deem se awer och schonn no dräi Joer nees gescheet war. Bei den Dréiaarbechte zum leschtgenannte Film Mr. & Mrs. Smith huet si sech 2005 mat hirem Filmpartner Brad Pitt och privat liéiert. Déi zwee kruten dräi Kanner zesummen an hu sech 2012 verloobt. Donieft huet d'Angelina Jolie awer nach dräi Kanner adoptéiert, déi duerno och vum Brad Pitt mat adoptéiert goufen. 2016 huet d'Koppel sech getrennt,
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Angelina Jolie, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.