Den Denzel Hayes Washington, Jr., gebuer den 28.
Dezember">28. Dezember 1954 zu Mount Vernon, New York, ass en US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Produzent. Hien huet bis ewell zweemol en Oscar fir déi bescht Haaptroll kritt.
Denzel Washington | |
---|---|
Den Denzel Washington (2014) | |
Gebuertsnumm | Denzel Hayes Washington, Jr. |
Gebuer | 28. Dezember 1954 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Fordham University |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmproduzent, Filmschauspiller, Pressespriecher, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller |
Partei | CRP |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Kanner | John David Washington |
1981 huet hie säin éischte Kinosfilm gedréint. No e puer klenge Rollen huet hien a Cry Freedom, als de Steve Biko, gespillt. 1989 hat hie mat Glory, fir seng Interpretatioun vum Zaldot Private Trip säin Duerchbroch; hien huet dofir en Oscar an e Golden Globe kritt. Weider Succès hat hien an de Spike Lee-Filmer Mo better Blues (1990) a Malcom X. An de Joren drop huet hien an enger Rëtsch vu groussen Hollywood-Produktioune matgespillt, wéi The Pelican Brief (mat der Julia Roberts); der Shakespeare-Verfilmung Much Ado about Nothing (mam am vum Kenneth Branagh) oder der AIDS-Tragedie Philadelphia (mam Tom Hanks). Et koumen no: de Cyberspace-Thriller Virtuosity (mam Russell Crowe a mam Gene Hackman), den U-Boot-Drama Crimson Tide an d'romantesch Comedie The Preacher's Wife (mat der Whitney Houston). Duerno hat hien d'Haaptroll an Courage Under Fire vum Edward Zwick, an, zesumme mam Bruce Willis, an The Siege.
1998 huet hien am Spike Lee sengem He Got Game matgespillt, 1999 am Jeffery Deaver sengem The Bone Collector an am Norman Jewison senger Verfilmung vum Boxer Rubin „Hurricane“ Carter sengem Liewen, Hurricane.
An de Joren duerno huet hie bei de Projeten Training Day (woufir e säin zweeten Oscar krut) a Remember the Titans matgespillt, mat hannendrun ë. a. de Filmer Déjà Vu, American Gangster a The Book of Eli.
De Washington huet och an zwéi Filmer Regie gefouert: 2002 bei Antwone Fisher an 2007 bei The Great Debaters.
2013 gouf hie fir Flight fir den Oscar nominéiert.
Commons: Denzel Washington – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Denzel Washington, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.