De Sir Ridley Scott ass en englesche Filmregisseur a Produzent.
Hien ass den 30. November 1937 zu South Shields, bei Durham an (England) gebuer. Hien ass de Brudder vum Filmregisseur Tony Scott.
Ridley Scott | |
---|---|
Gebuer | 30. November 1937 |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, USA |
Educatioun | Royal College of Art |
Aktivitéit | Filmproduzent, Filmregisseur, Schauspiller, Delegéierte Produzent, Televisiounsproduzent, Dréibuchauteur, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Giannina Facio |
Geschwëster | Tony Scott |
1977 huet hie säin éischte Film The Duellists gedréint, deen um Filmfestival vu Cannes de Präis als bëschten éischte Film krut.
Duerno huet hie mat dem Film Alien e ganz groussen Erfolleg gehat.
Säin nächste Film Blade Runner huet sech zu engem Kultfilm entwéckelt.
No e puer manner bekannte Filmer huet e mam Film Gladiator erëm e Succès am Boxoffice gefeiert.
Commons: Ridley Scott – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Ridley Scott, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.