Gréngewald: Staatsbësch am Nordoste vun der Stad Lëtzebuerg

De Gréngewald ass e Bësch am Nordoste vun der Stad Lëtzebuerg op engem Plateau deen am Schnëtt 350 Meter héich läit.

Déi héchst Plaz ass um Lieu-dit Laangtmuer laanscht d'Iechternacher Strooss mat 425 Meter. De Gréngewald besteet zum gréissten Deel aus Bichebësch an d'Verjüngung ass natierlech, dat heescht datt den Nowuess aus Som vun den ale Beem geschitt. Nëmmen an aussergewéinleche Fäll wéi z. B. no de Stierm Daria, Vivian a Wiebke vun uganks 1990, oder soss enger Kalamitéit gëtt geplanzt. Bei ongeféier der Hallschent vun de Beem handelt et sech ëm ganz al Beem mat engem Alter vu méi wéi 140 Joer.

Gréngewald: Transaktiounen[3], Dgroussherzoglecht Gatter, De Gréngewald an der Literatur
Am Gréngewald, hei de Kutschewee um Territoire vun der Gemeng Steesel
Gréngewald: Transaktiounen[3], Dgroussherzoglecht Gatter, De Gréngewald an der Literatur
En zougefruerene Weier beim Déiwendallerwee

Mat 3.734 Hektar ass de Gréngewald dat gréisst Stéck Bësch zu Lëtzebuerg, dat uneneenhänkt. De Bësch läit op den Territoirë vu siwe Gemengen: Lëtzebuerg, Walfer, Steesel, Luerenzweiler, Jonglënster, Nidderaanwen a Sandweiler.

D'Réngelbaach an d'Schetzelbaach aus deenen d'Wäiss Iernz entsteet, an d'Kriibsebaach an d'Iernsterbaach aus deenen d'Schwaarz Iernz entsteet, hunn do hir Quellen. Och Drénkwaasser gëtt do ofgezaapt, well de Buedem aus Sandsteen en natierleche Filter ass. Déi 20 gefaasste Quellen am Gréngewald liwwere ronn 15% vum ganzen nationalen Drénkwaasser.

Um westleche Bord vum Gréngewald, no bei Walfer, leien d'Raschpëtzer, en ënnerierdeschen Aqueduc-System aus der Réimerzäit.

Den 28. September 2018 huet de Ministerrot decidéiert dat zéng mol aacht Kilometer grousst Gebitt als nationaalt Naturschutzgebitt ze deklaréieren.

Als Staatsbësch ass de Gréngewald d'Géigestéck zum Bambësch, deen der Stad Lëtzebuerg gehéiert.

Transaktiounen

Am 19. Joerhonnert war de Gréngewald 2.623 ha grouss, haut nach 2.500 ha[Source?]. Den hollännesche Kinnek-Groussherzog Wëllem II. hat am Joer 1845 dem Staat 669 ha Bësch ofkaaft. Déi Vente, déi vun der Chamber decidéiert gi war, hat dem Staat ronn 530.000 Gulden abruecht, déi et erméiglecht hunn, iwwer véier bis fënnef Joer, d'Stroossennetz am Land ze verbesseren, a gläichzäiteg d'Aarbechtslosegkeet, déi déi Zäit grouss war, ze bekämpfen.

Nodeem den Haff no an no Stécker vum Gréngewald dobäi kaaft hat, ënner anerem 1891, huet de Staat am Mäerz 1934, no engem Vott vun der Chamber 776,12 ha Bësch a Gebaier zeréckkaaft, fir de Präis vun enger 20 Millioune Frang. Dem Haff hunn no dëser Transaktioun nach ronn 1.000 ha vum Gréngewald gehéiert. D'Suen déi sou erakoumen, hunn dozou gedéngt, den Ënnerhalt vum Haff ze bezuelen.

Den Haff huet 2003 nach emol knapps 176 ha vum Gréngewald un de Staat verkaaft, absënns fir de Bau vun der Nordstrooss z'erméiglechen. Duerno war den Haff nach Proprietär vun 850 ha am Gréngewald.

Am Juli 2006 gouf bekannt, datt de Grand-Duc iwwerleeë géif, deen Deel vum Gréngewald, deen a sengem Besëtz war, ze verkafen. Dëse Projet gouf am September vum selwechte Joer fale gelooss, ë. a., well de Staat net genuch Budgetsmëttelen hat, fir en opzekafen. Dofir gouf sech awer gëeenegt, datt de Staat en Deel vun de Käschte vum Entretien vum Grand-Duc sengem Terrain iwwerhuele sollt. Am Géigenzuch wier dësen zu bestëmmte Joreszäiten der Allgemengheet zougänglech.

Bei Geleeënheet vun enger parlamentarescher Ufro vun den ADR-Deputéiert Gaston Gibéryen a Robert Mehlen huet de Premierminister Jean-Claude Juncker uganks Februar 2007 detailléiert Renseignementer ginn iwwer d'Tauschoperatiounen tëscht dem Haff an dem Staat, déi an der Vergaangenheet munch Rumeure mat sech bruecht haten.

D'groussherzoglecht Gatter

Gréngewald: Transaktiounen[3], Dgroussherzoglecht Gatter, De Gréngewald an der Literatur 
D'Fudderplaz Déiwendallerwee
Gréngewald: Transaktiounen[3], Dgroussherzoglecht Gatter, De Gréngewald an der Literatur 
D'Forsthaus beim Déiwendallerwee

Den 9. Abrëll 2009 - no bal 90 Joer - gouf de Privatbësch vun der groussherzoglecher Famill fir de Public op gemaach. Bis dohi war ronderëm de groussherzogleche Bësch tëscht der Iechternacher- an der Eeseburer Strooss en Zonk. De Grond firwat de Zonk ëm 1920 opgeriicht gouf war, wéi schéngt, en Trapp Muffelen, deen déi deemoleg groussherzoglech Koppel, d'Groussherzogin Charlotte an de Prënz Félix vun engem italieenesche Grof geschenkt krut. Mam Gatter gouf engersäits eng onkontrolléiert Ausbreedung vun den net heemesche Muffelen erreecht an anersäits konnt eng permanente Heeg assuréiert ginn.

An de Joren 1956 bis 1958 gouf d'Gatter vun 350 ha op 500 ha vergréissert, andeems d'Flouere Sandkaul, Kazebaach, Kriibseweier an Ditgesbaach mat abezu goufen. Den Zonk hat dunn eng Längt vun 11 km mat 3.100 Pottoen a 77 km pickegen Drot. Fir an d'Gatter era goufen et 36 Paarten, vun deenen der 9 op engem Wee louchen, wou ee mam Camion erafuere konnt.

Duerch Schwaachstellen a Lächer am Zonk koum no an no Routwëld an duerno och Schwaarzwëld an d'Gatter eran. Déi staark Reproduktioun vum Rout- mam Muffelwëld huet mat sech bruecht, datt dës Wëldaarten tëscht 1950 an 1980 intensiv gejot goufen. Vun 1998 gouf et du keng Muffele méi am Gatter. Anescht war et awer mam Schwaarzwëld, dat wéinst der staarker Reproduktioun zur Haaptwëldaart am Gatter gi war, dat esou de Charakter vun engem “Saupark” krut.

Well ugeholl gouf, datt d'Wëllschwäin net genuch natierlecht Fudder fanne géifen, gouf zousätzlech Geescht a Mais bäigefiddert. Zu dësem Zweck gouf 1963 fir déi dagdeeglech Fidderung eng Fudderplaz mat Krëppen an engem Fudderschapp opgeriicht. Aus hygienesche Grënn gouf d'Fudderplaz mat Paweesteng ausgeluecht, fir datt e méi einfach war se ze botzen a sou d'Ausbreedung vu Wëldkrankheeten ze verhënneren.

Am Joer 1994 gouf beim Déiwendallerwee, net wäit vun der Fudderplaz ewech, e Forsthaus opgeriicht, wou d'Bëschaarbechter hiert Material stockéiere konnten a wou se - och bei schlechtem Wieder - schaffe konnten.

De Gréngewald an der Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Gréngewald – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Gréngewald Transaktiounen[3]Gréngewald Dgroussherzoglecht GatterGréngewald De an der LiteraturGréngewald Kuckt ochGréngewald Um SpaweckGréngewaldBichenBëschLieu-ditLëtzebuerg (Stad)Nationalstrooss 11

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

SchwedenTangshanLëtzebuerg (Land)Monica SemedoTom WeidigAnja Di BartolomeoLëtzebuergesch Auszeechnungen an ÉierenzeechenOrion (Stärebild)Gila von WeitershausenBaastenduerfOrganisatioun vum Nordatlantik-TraitéSotschi17. DezemberLara MarxZwerggalaxisMexikoNordmazedonienKanéilKepler-32Philippe Henri BlasenHenri-Jean-Népomucène CrantzKréischelenRusseschKasachstanCesc FàbregasHelmuth LohnerFinnlandStär vum KapteynLëtzebuerger ConstitutiounPistoulJapanEuropäesch UniounChamberPortugiseschJosef MeinradAdolf RaderschallBaltikumMartin LamotteStadDe Wëllefchen an de FiisschenAC/DCStater TramOrdre de la couronne de chêneXavier Bettel1964Austrëtt vum Vereenegte Kinnekräich aus der Europäescher UniounCape Canaveral AFS Launch Complex 40KleeschenRené WirothBuergplaz zu Huldang153310. MeeBarbara AuerPlanetareschen NiwwelFechtenStar TrekJosy BraunLondonLëscht vun de Laureate vum Nobelpräis fir PhysikAlexei Anatoljewitsch NawalnySchluecht vun TrafalgarEsch-SauerAlbanien1949Jimmy Martin (1962)Will SmithFrankräichHaaptsäitSüdamerika🡆 More