D'Brigitte Urhausen, gebuer de 7.
Februar 1980 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin a Lauschterspill-Spriecherin.
Brigitte Urhausen | |
---|---|
Gebuer | 7. Februar 1980 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Hochschule für Musik und Darstellende Kunst Stuttgart |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Lauschterspillspriecher |
Si huet op der Hochschule für Darstellende Kunst zu Stuttgart hir Ausbildung gemaach. No éischten Engagementer zu Lëtzebuerg, am Staatstheater Stuttgart an am Theater Magdeburg gouf si 2004 beim Pfalztheater zu Kaiserslautern engagéiert. Dono hat si Engagementer beim Badischen Staatstheater Karlsruhe a beim Staatstheater Mainz. Si trëtt weiderhi geleeëntlech op Lëtzebuerger Bünen, an a Filmer an Tëleesfilmer op. Ausserdeem hëlt si Lauschterspiller fir den SWR op an ass Speakerin op Arte.
Zanter 2013 ass si Spriecherin fir d'Roll vun der Kommissärin Amalie Gentner an an den Tatort-Lauschterspiller déi vum Saarländische Rundfunk produzéiert ginn. Vun 2020 u spillt si d'Kommissärin Esther Baumann am Ermëttler-Team an den Tatort-Episoden, déi och vum Saarländische Rundfunk produzéiert ginn.
D'Brigitte Urhausen wunnt an der Südpfalz.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Brigitte Urhausen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.