E Vokal (oder eng Voyelle) bezeechent an der Phoneetik e Laut vun der mënschlecher Sprooch, deen duerch en ongehënnerte Stroum vu Loft duerch d'Hielen, déi iwwer der Schléck leien, d. h.
d'Mond- an Nuesenhiel, entsteet. Déi Hielen déngen als Resonanzkierper, an hir Form an d'Quantitéit vun der Loft, déi derduerch ginn, bestëmmen d'Qualitéit vum Vokal.
E Vokal ass am geneeë Sënn vum Wuert e vokalesche Laut, also e Phon: eng Eenheet vun der geschwater Sprooch. Buschtawen vun der geschriwwener Sprooch wéi A, E, I, O, U si Vokalbuschtawen, ginn awer am allgemenge Sproochgebrauch och als „Vokal“ bezeechent.
De Vokale géintiwwer stinn d'Konsonanten, bei deenen de Loftstroum gehënnert gëtt.
De Klang vun de Vokalen hänkt vun der Zuel, der Form an dem Volume vun de Resonanzkierperen of, duerch déi déi ausgeotemt Loft fléisst:
Heidrënner sinn déi gängegst Vokaler gewisen (transkribéiert an d'Internationaalt Phoneetescht Alphabet no den dräi Charakteristiken, wéi se hei uewendriwwer beschriwwe sinn.
Vokaler | Kuckt och: IPA, Konsonanten | ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| |||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
Wann zwee Symboler am selwechten Haische stinn, dann ass dee lénksen en net-gerënnten, an dee rietsen e gerënnte Vokal. Bei den zentrale Vokaler ass d'labial Resonanz net spezifiéiert. |
An der Lëtzebuerger Sprooch gëtt et follgend Vokalen (Vokalbuschtawen):
Vokal | IPA | Vokalquantität | Beispill | Aussprooch wéi am Franséische fir… |
---|---|---|---|---|
a | [ɑ] | kuerz | Palais | Paris |
[aː] | laang | glat | homard | |
e | [eː] | laang | Freed | aimer |
[e] | kuerz | Bréck | ganz kuerzen é | |
[æ] | kuerz | rennen | Rennes | |
[ə] | kuerz | liesen | rendre | |
[ə] | kuerz | hëllefen | je, me, te | |
i | [i] | kuerz | gitt! | pli |
[iː] | laang | siwen | rire | |
o | [o] | kuerz | Sonn | mot |
[oː] | laang | droleg | drôle | |
u | [u] | kuerz | Hutt | coupe |
[uː] | laang | Tut | cour | |
[y] | kuerz | Chute | a franséische Wierder | |
[yː] | laang | Contenu | a franséische Wierder | |
y | [i] | kuerz | Egypten | wéi am Franséischen |
[iː] | laang | Yves | wéi am Franséischen | |
Ëmlauten | ||||
ä | [æ] | kuerz | Kätt | wéi ‹e› am Franséischen: dette |
[ɛ] | laang | fäeg | wéi ‹ai› am Franséischen: claire | |
ë | [ə] | kuerz | fëmmen | |
ö | [ø] | laang | Fön | wéi ‹eu› am Franséischen: bleu |
ü | [y] | kuerz | gedüngt | wéi ‹u› am Franséischen: chute |
[yː] | laang | Bün | wéi ‹u› am Franséischen: mur |
Am Lëtzebuergesche gëtt et dës aacht Duebellauter: ‹ai›, ‹äi›, ‹au›, ‹ei›, ‹éi›, ‹ie›, ‹ou›, ‹eu›.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Diphthong.
Wierder mat follgenden Digraphen déi aus dem Franséischen oder Englesche kommen, behalen hir ursprénglech Aussprooch:
Digraph | Beispill |
---|---|
ai | Accent aigu, Fait, Baisse |
au | Taux |
eu | Pneu, Neveu |
ie | Epicerie, Regie |
oi | Coiffer, Besoin |
ou | Coup, Clou, Blackout |
D'Nasalvokale gi wéi am Franséischen ausgeschwat: Chamber, Member, Annonce, Invité, Verdun, Enveloppe.
Commons: Vokalen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Vokal, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.