Portugisesch: Romanesch Sprooch

Portugisesch, op Portugisesch Português, ass eng Sprooch aus dem romaneschen Deel vun der indogermanescher Sproochfamill.

Portugisesch zu Lëtzebuerg

Portugisesch: Portugisesch zu Lëtzebuerg, Portugisesch an der Welt, Literatur 
Porto fir d'Affekoten vum Josy Braun a senger portugisescher Iwwersetzung

Portugisesch gëtt zu Lëtzebuerg vu 15% vun der Populatioun geschwat a wäert mëttlerweil déi drëtt Ëmgangssprooch no Lëtzebuergesch a Franséisch sinn. Et gëtt do dann och eng sëllege portugisesch Medien.

De fréiere Radiosjournalist Félix Braz huet 1990 an 1991 déi éischt deeglech Radiosendung op Portugisesch bei RTL geschwat.

Spezifesch Dictionnairen existéieren zanter dem Jul Christophory sengem Portugisesch-Lëtzebuergeschen Dictionnaire aus dem Joer 1980 (cf. Literatur).

Porto fir d'Affekoten ass e lëtzebuergesche Krimi vum Josy Braun aus dem Joer 1997, deen 2007 op Portugisesch iwwersat gouf an ënner dem Titel Um porto para os advogados vum Verlag Campo das letras vu Porto erausbruecht gouf.

Portugisesch an der Welt

D'portugisesch Sprooch, d'Mammesprooch vun enger 210 Millioune Mënschen, ass eng offiziell Sprooch a follgende Länner, Territoiren a Vereenegungen:

Portugisesch: Portugisesch zu Lëtzebuerg, Portugisesch an der Welt, Literatur 
Kaart vun der Portugisescher Sprooch op der Welt. Donkelblo: Mammesprooch. Blo: offiziell an administrativ Sprooch. Hellblo: Kultur- oder Zweetsprooch.

Europa

Afrika

Südamerika

Asien

International Vereenegungen

Follgend Vereenegungen ziele portugisesch zu hiren offzielle Sproochen:

  • Afrikanesch Unioun
  • Europäesch Unioun
  • Gemeinschaft vun de portugiseschsproochege Länner, d'Comunidade dos Países de Língua Portuguesa
  • Organisatioun vun Afrikanesche Staaten

Portugisesch ass an der Welt déi drëtt heefegst geschwaten europäesch Sprooch no Englesch a Spuenesch a viru Franséisch an Däitsch. Portugisesch ass zweet Ëmgangssprooch a follgende Stied: Johannesburg (Südafrika), Newark (New Jersey, USA), Caracas (Venezuela) (Page 2007).

Literatur

  • Anonyme, 1996. Vocabulaire luxembourgeois-portugais. 64 p., ASTI - Association de soutien aux travailleurs immigrés. Rapidpress, Luxembourg.
  • Christophory, Jules (Coord.), 1980. Portugiesesch-Lëtzebuergeschen Dictionnaire / Dictionnaire portugais-luxembourgeois / Dicionário português-luxemburguês. Ministère de l'Education nationale. 204 p. Ed. 79, Luxembourg. (weider Oploe 2002 an 2003)
  • Dupont, Jackie & Patty Geisen, 2008. Basic Lëtzebuergesch: Basiswuertschatz: 1500 Wierder fir den Alldag thematesch opgebaut. 62 S. Rapidpress, Bertrange. (2. Oplo Juni 2008)
  • Page, Martin, 2007. The first global village / How Portugal Changed the World. 9. Oplo. Casa das lettras, Cruz Quebrada, Portugal. 277 p.
  • Zimmer, Jacqui, 1993. 6000 Wierder op Lëtzebuergesch: français, deutsch, english, español, português. Éd. Saint-Paul, Luxembourg.

Um Spaweck

Commons: Portugisesch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Portugisesch zu LëtzebuergPortugisesch an der WeltPortugisesch LiteraturPortugisesch Um SpaweckPortugiseschRomanesch SproochenSprooch

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

KlimatologieConcert fir AfrikaEuroLycée Josy-Barthel MamerJean-Pierre FiedlerAli RuckertEeschpeltKleeschenD'MargréitchenOffre publique d'achatLëtzebuerger Constitutioun5. MeeNiall MacGinnisItalieenesch EuromënzenAlain AttenGemeng NoumerGemeng FielsJohan Henric KellgrenZu Arel op der KnippchenBelsch EuromënzenVëlkerbond(43) AriadneUtahMediaWikiRex StoutAdolphe vu LëtzebuergMandy GraffLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenPaulus vun TarsusEsch-UelzechtIsabelle HuppertZéissengBelvédère um Escher GaalgebiergSoziologieBibi AnderssonŒuvre nationale de secours grande-duchesse CharlotteMimas (Mound)Jean-Pierre KoenigGalileo GalileiKobaltMichel RodangeAdobe PhotoshopCercle municipalISO 3166-1Milan KunderaJules Mersch (Publizist)Denis DiderotNicoolPolefeldzuchHämmelsmarschCFL 2200Luxembourg Institute of Science and TechnologyRobin WilliamsJesus vun NazaretLëscht vu CheemikerRue Jules-FerryTrauliicht (Brauch)Masturbatioun1942Republik China (Taiwan)Transgender17. AbrëllGehaansfénkelcherDéierenheemStater TramKommandante vun der Lëtzebuerger ArméiRéiden op der AtertOns HeemechtScheierhaff (Miesdref)Jean-Claude Pascal🡆 More