Den Thierry Mersch, gebuer 1971, ass e lëtzebuergesche Pop- a Pop-Rock-Sänger a Schoulmeeschter.
Thierry Mersch | |
---|---|
Gebuer | 1971 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sänger |
1980 ass den Thierry Mersch Member am Musekveräin zu Hengescht ginn. Ufank der 1990er huet hien e Karaokeconcours mat enger Coverversioun vum Lidd Save Your Kisses for Me gewonnen, éier hien 1997 eng klassesch Gesanksausbildung am Dikrecher Conservatoire ugefaangen huet.
2000 ass hie Member am belsche Saxophon-Quartett Quattro Lieti ginn. Zwee Joer drop ass seng éischt CD Je l'espère erauskomm. Si ass am Studio vum Jang Linster zu Fréiseng opgeholl ginn. Den Thierry Mersch war mat de Lidder Zéi de Krees net ze kleng (zesumme mat senge Schoulkanner gesongen) a Gleef un deng Dreem drop ze héieren. De Verkafserléis war fir e gudden Zweck.
Mat de Kanner aus senger Schoulklass huet den Thierry Mersch 2004 d'Lidd Meng Hand opgeholl. Et ass mat enger Solonummer vun him (Wann s du mol d'Flemm hues) als Benefiz-CD verëffentlecht ginn.
2007 huet hien d'Benefiz-CD Kleng Kanneraen opgeholl.
Den Thierry Mersch ass 2011 bei de World Championships of Performing Arts zu Hollywood opgetrueden an huet do Lëtzebuerg vertrueden. Do huet hien et als ee vun 3000 Participanten ënner déi lescht fënnef gepackt, déi an d'Finall komm sinn. Am Ganze konnt hien eng Goldmedail, dräi Sëlwermedailen an eng Bronzemedail gewannen. D'Joer drop huet hien am Musical Jesus Christ Superstar zu Mamer wärend sechs Virstellungen d'Roll vum Apostel Simon Zelotes gespillt.
Säin Album Easy Living ass 2009 um éisträichesche Label Hellywood Music erauskomm. Singleauskoppelunge waren A Night for Dreaming a Gimme More. 2011 an 2013 sinn d'Benefiz-CDen Ee Grapp voll Hoffnung (fir den Telethon) respektiv Kuck net einfach ewech (fir Médecins sans frontières) verëffentlecht ginn.
Dertëscht ass 2012 säin zweeten Album New Visions mat siwe Lidder publizéiert ginn, déi vum Shele Sondheim aus den USA and dem Jimmy Martin produzéiert goufen.
Den 8.3.2018 koum säin 3. Soloalbum "Don´t dream it, do it" raus, dem Thierry säi perséinlechsten an authenteschsten Album bis lo.
Den Thierry Mersch huet schonn e puermol probéiert beim Eurovision Song Contest (ESC) matzemaachen. Lëtzebuerg mécht zënter 1993 net méi bei der Kompetitioun mat.
2013 hunn zwee vu senge Lidder et mat 156 anere Lidder an hiren Interpreten an d'Pre-Selektioun fir d'Schwäizer Virentscheedung gepackt. De Gewënner vum Concours huet d'Land beim Eurovision Song Contest 2014 vertrueden. Déi zwee Lidder vum Thierry Mersch waren Here Again, dat vum Jimmy Martin geschriwwe gouf, an I Am Me, wat de Mersch selwer geschriwwen huet. Et gouf awer keent dervun zeréckbehalen.
Am Januar 2014 huet hie säi Lidd Here Again nei bei Unser Song für Dänemark, der däitscher Virentscheedung fir den ESC eragereecht. Och do ass d'Lidd net weiderkomm.
Am Oktober 2014 ass bekannt ginn, datt och säi Plang net opgaangen ass, Lëtzebuerg an engem Duett mat enger Sängerin vu San Marino beim ESC ze vertrieden. San Marino TV hat dem Sänger eng Offer gemaach, fir San Marino um Eurovision Song Contest 2015 ze vertrieden. Dat wier eng absolut Première an der Geschicht vum Concours gewiescht, well nach ni virdrun hate sech zwéin europäesch Klengstaaten zesummegedoen, fir um Eurovision Song Contest deelzehuelen. Fir déi Koproduktioun hätt hie misse 50.000 Euro zesummekréien. Well den Thierry Mersch et net gepackt huet, déi Fongen ze sammelen, ass doraus näischt ginn.,,
Mam Sänger Isaac Roosevelt huet de Mersch am Dezember 2014 d'Lidd Shout It Out verëffentlecht, dat erëm bei der däitscher Virentscheedung Unser Song für Österreich agereecht ginn ass. Och domat ass hien net weiderkomm.
Am Mäerz 2018 ass dem Thierry Mersch säin Album Don't Dream It, Do It! erauskomm, bei deem hien un all Lidd matgeschafft a bal all d'Texter geschriwwen huet. Dorop sinn ënner anerem d'Singelen Broken Love, en Duett mam Kelly Decker, a Final Crossroads ze fannen.
Den Thierry Mersch huet Geschicht, Romanistik a Sinologie studéiert. Zënter 1999 ass hie Schoulmeeschter am Centre scolaire Parc Housen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Thierry Mersch, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.