De Robert Nesta Bob Marley , gebuer de 6.
Februar">6. Februar 1945 zu Nine Miles, op Jamaika, a gestuerwen den 11. Mee 1981 zu Miami, a Florida, war e jamaikanesche Sänger, Gittarist a Liddermécher.
Bob Marley | |
---|---|
Gebuertsnumm | Robert Nesta Marley |
Gebuer | 6. Februar 1945 |
Gestuerwen | 11. Mee 1981 |
Doudesursaach | Melanom |
Nationalitéit | Jamaika |
Aktivitéit | Liddermécher, Sänger, Gittarist, Komponist |
Famill | |
Papp | Norval Sinclair Marley |
Hie war ee vun de Matgrënner an och ee vun de bedeitendste Vertrieder vum Reggae, deen duerch hien a seng Optrëtter mat senger Band The Wailers zënter der Mëtt vun den 1970er Joren als Museksstil international bekannt gouf.
Zu senge bekanntste Stécker ziele Buffalo Soldier, Get Up, Stand Up, I Shot the Sheriff, No Woman No Cry, Could You Be Loved?, Redemption Song a Stir It Up. Nieft senge musekalesche Wierker huet de Bob Marley sech och dofir agesat, de Message vun der Rastafari-Beweegung ze verbreeden. Fir d'Adepten dovun, an och fir vill Mënschen an der Drëtter Welt war an ass de Marley eng wichteg Identifikatiounsfigur.
Hie war bestuet an hat mat senger Fra 4 Kanner, an eent adoptéiert. "Niewelaanscht" hat en "offiziell" der nach eng 7, an "inoffiziell" tëscht 22 a 46. E puer vun hinnen, wéi den Ziggy, d'Cedella, de Stephen an d'Sharon (aus sengem Bestietnes), sou wéi och Ky-Mani, de Julian an den Damian, goufe spéiderhi Museker.
De Bob Marley ass un Hautkriibs gestuerwen.
|
Commons: Bob Marley – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Bob Marley, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.