Jamaika | |||||||
| |||||||
Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||||
Haaptstad: | Kingston | ||||||
• Koordinaten: | 17° 59’ 33’’ N 76° 47’ 31’’ W | ||||||
Staatsform: | Parlamentaresch Monarchie | ||||||
• Kinnek: | Charles III.gëtt duerch e Gouverneur vertrueden | ||||||
Fläch: | 10.991 km² | ||||||
Bevëlkerung: | 2.758.124 | ||||||
Jamaika [jaˈmaɪ̯ka] (engl. Jamaica) ass e souveränen Inselstaat am Commonwealth of Nations an der Karibik.
Den Numm staamt vum arawakeschen Xaymaca oder Chaymaka of, wat souvill wéi Quelleland oder Holz- a Waasserland bedeit. Déi fréier Kolonie ass fir déi villsäiteg Kultur a wéinst hire sozialen a wirtschaftleche Problemer bekannt.
Jamaika ass déi drëttgréissten Insel vun de groussen Antillen a läit 145 km südlech vu Kuba an 160 km westlech vun Hispaniola mat de Staaten Haiti an der Dominikanescher Republik. Dat mëttelamerikanescht Festland ass 635 km vun der Westspëtz vun der Insel ewech.
D'Haaptinsel ass 235 km laang an tëscht 35 an 82 km breet. Mat enger Fläch vun 10.991 km² ass Jamaika de gréisste Member vum Commonwealth an der Karibik an ongeféier véiermol sou grouss wéi Lëtzebuerg. 50 bis 70 km virun der Südküst läit d'Pedro Bank, eng vun deene gréisste Sandbänken an der Karibik. Op enger Fläch vun 2.400 km² bedréit d'Waasserdéift manner wéi 20 m. An dëser Bänk leien d'Pedro Cays déi zu Jamaika gehéieren. Et ass eng kleng Inselgrupp mat enger Fläch vun 23 Hektar. 30 km südlech vu Morant Bay leien d'Morant Cays.
Jamaika läit am Norden op der karibescher Plack op der Grenz zur nordamerikanescher Plack. Nieft Formatiounen aus ofgekilltem Magma, Gneisen a Schifer besteet d'Insel virun allem aus Kalleksteen, de sech iwwerlagert huet éier Jamaika viru ronn zéng Millioune Joer duerch tektonesch Prozesser aus dem Mier gehuewe gouf. Déi Kallekschicht ass op verschiddene Plazen e puer honnert Meter déck. Wéinst der Noperschaft vun enger Plackegrenz kënnt et ëmmer erëm zu staarken Äerdbiewen. 1692 gouf Port Royal bei engem Äerdbiewen zerstéiert. De wichtegste Buedemräichtum ass nieft dem Gips a Marmer de Bauxit, deen ëstlech vu Montego Bay a westlech vu Kingston optrëtt.
Jamaika léisst sech landschaftlech an dräi Gebidder ënnerdeelen:
Den Oste gëtt vun de Blue Mountains markéiert, enger Biergketten, déi sech op enger Längt vu ronn 100 km vun Nordwesten no Südosten erstreckt, mat vill Ausleefer no Norden a Süden. Den héchste Punkt op der Insel, den 2256 m héije Blue Mountain Peak gehéiert zu där Biergketten. Den Zentrum vum Land bilt en Héichplateau aus Kalleksteen. Dat Gebitt, dat ronn zwéin Drëttel vun der Insel bedeckt, läit op enger Héicht vu bis zu 900 m. Am mëlle Gestengs sinn déif Däller, Dolinen an Hielen, souwéi ënnerierdesch Flëss entstanen.
De Klima vu Jamaika ass tropesch a gëtt vum Nordpassat bestëmmt. D'Temperaturënnerscheeder am Laf vum Joer si kleng.
Commons: Jamaika – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jamaika, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.