Gemeng Klierf: Lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Klierf

D'Gemeng Klierf (fir d'Awunner Cliärref) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen.

Se läit am Kanton Klierf an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Stad Klierf vun där se och hiren Numm huet.

Klierf
Gemeng Klierf: Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1], Geschicht, Politik
Gemeng Klierf: Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1], Geschicht, Politik
d'Klierfer Schlass, Sëtz vun der Gemengeverwaltung
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Clervaux
de: Klerf
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Chef-lieu Klierf
Buergermeeschter Georges Keipes
Awunner 5.223
  01.01.2018
Fläch 8.560,96 ha
Héicht 521 m
Koordinaten 50° 03’ 17’’ N
      06° 01’ 46’’ O
LAU-Code LU0501
Websäit http://www.clervaux.lu/
Gemeng Klierf: Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1], Geschicht, Politik
Gemeng Klierf: Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1], Geschicht, Politik
D'Gemeng Klierf (orange)
am Kanton Klierf (rout)

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

Uertschaften an der fréierer Gemeng Klierf:

Uertschaften an der fréierer Gemeng Hengescht:

Uertschaften an der fréierer Gemeng Munzen:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Klierf:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Hengescht:

Geschicht

Entwécklung vun der Awunnerzuel virun der Gemengefusioun

Gemeng Klierf: Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1], Geschicht, Politik

Quell:STATEC

Gemengefusioun 2012

Am Joer 2002 hunn d'Schäfferéit vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen sech bei deem deemolegen Inneminister Michel Wolter fir eng méi enk Zesummenaarbecht staark gemaach. De 4. Mee 2006 hunn déi dräi Schäfferéit dem Inneminister hir Absicht matgedeelt fir ze fusionéieren. Doropshi gouf zesumme mam Inneministère en Investitiounsprogramm op d'Bee gesat, deen am Kader vun der Fusioun soll ëmgesat ginn. Et gouf en Informatiounsdokument fir d'Bevëlkerung erstallt, an de Fusiounsprojet gouf de 25. September 2008 a Presenz vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf de Leit aus den dräi betraffene Gemengen zu Klierf virgestallt.

Den 12. Oktober 2008 ass an deenen dräi Gemengen e Referendum organiséiert ginn, an dee Referendum ass och zu Gonschte vun där Fusioun ausgaangen. D'Gemengeréit vu Klierf, Hengescht a Munzen hu sech Enn 2008 definitiv fir déi geplangt Fusioun ausgeschwat an hunn enger entspriechender Konventioun mam Lëtzebuerger Staat zougestëmmt. Dës Konventioun gouf de 16. Januar 2009 vun de betraffene Regierungsmemberen ënnerschriwwen.

De 17. Februar 2009 huet den Inneminister de Gesetzesprojet iwwer déi geplangt Fusioun an der Chamber deposéiert. De Staatsrot huet säin Avis den 21. Abrëll 2009 ginn, an d'Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen ass de 7. Mee 2009 eestëmmeg an der Chamber guttgeheescht ginn.

D'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen zu enger neier Gemeng mam Numm Gemeng Klierf ass de 5. Dezember 2011 rechtsgülteg gi wéi deen nei gewielte Gemengerot no de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 vum Buergermeeschter Emile Eicher vereedegt gouf. De Buergermeeschter an déi dräi Schäffe goufe schonn de 24. November 2011 vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf vereedegt a waren domat am Amt.

Politik

2017 gouf bei de Gemengewalen an der Gemeng Klierf eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt; de Gemengerot setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

D'CSV krut dobäi déi absolut Majoritéit a stellt de Schäfferot.

Zesummesetzung

Joer ADR Biergerl. CSV DP gréng PPL
2017 0 1 6 2 2 0
2023 1 4 3 2 1 -

Biergerl.: Biergerlëst Gemeng Cliärref

Quell: elections.lu

Buergermeeschteren

  • 1844 - 1846: François Julien Arendt
  • ...
  • 1862 - ?? : Jacques Ensch
  • ...
  • 1895 - 1917: Émile Prüm
  • 1918 - 1921: Johann Peter Jonas
  • 1921 - 1927: Albert Schiltz
  • 1927 - 1934: Nicolas Fogen
  • 1935 - 1941: Joseph Kratzenberg
  • 1945: Georges Wagner
  • 1946 - 1963: Jean Peusch
  • 1964 - 1969: Georges Wagner
  • 1970 - 1975: Bernard Dedoyard
  • 1976 - 1987: Michel Wehrhausen
  • 1988 - 1999: Aloyse Nosbusch
  • 2000 - 11.2005: François Stephany
  • 11.2005 - 02.2007: Guillaume Oestreicher
  • 02.2007 - 11.2011: Yves Arend (CSV)
  • 11.2011 - 06.2023: Emile Eicher (CSV)
  • zanter 07.2023: Georges Keipes (Biergerlëst)

Schoulinfrastruktur

D'Kanner vun der Gemeng Klierf ginn an d'Grondschoul zu Reiler.

Kuckeswäertes

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Klierf ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Jumelage

Perséinlechkeeten aus der Gemeng Klierf

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Klierf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Gemeng Klierf Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]Gemeng Klierf GeschichtGemeng Klierf PolitikGemeng Klierf SchoulinfrastrukturGemeng Klierf KuckeswäertesGemeng Klierf Interkommunal SyndikaterGemeng Klierf JumelageGemeng Klierf Perséinlechkeeten aus der Gemeng Klierf Kuckt ochGemeng Klierf Um SpaweckGemeng KlierfChef-lieuEntwécklung vun der Gemengenzuel zu LëtzebuergGemeng (Lëtzebuerg)Kanton KlierfKlierf

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Sam TansonMilitärHimmelsdéierchen, fléi!Rover (Raumfaart)Christian SchartzGréiwelsFernand KoenigRevue (Lëtzebuerger Theater)Laurent SchleyWikipediaCamelopardalis (Stärebild)Jean OctaveJoseph-Émile MullerSonnewennFrancis of DeliriumNordmazedonienScott McKenzie1177MonacoArmand ThillSerge TonnarJean-Pierre BeckiusAccinautoMargréitchenPaul KirpsLa LuxembourgeoiseFrankräichLéon LavalMicrosoft WindowsTutanchamunLycée Hubert-ClémentMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)Christianne Wickler1852PolneschMeeFränz HausemerJean-Jacques DiderichFoussball Éierepromotioun1507Andromeda (Stärebild)HimmelsdéiercherD'LompekréimerOrdre de la couronne de chênePiercingFrank ColabianchiAntoinette ReuterLëtzebuergesch FoussballnationalekippScorpius (Stärebild)Wikipedia op LëtzebuergeschJéineschLëscht vu lëtzebuergesche PlanzennimmPäischtenEugène BergerWale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)Phoenix (Stärebild)Jesus vun NazaretAlfred HitchcockWebsäitGeorge III. vum Vereenegte KinnekräichInternetMarie-Adélaïde vu LëtzebuergpechbandFeierstengszalotAserbaidjanEridanus (Stärebild)Egbert vu WessexEuropäesch Unioun🡆 More