Léiler ass eng Uertschaft an der Gemeng Klierf.
Se huet bis Enn 2011 zur Gemeng Hengescht gehéiert ier déi – zesumme mat Munzen – bei d'Gemeng Klierf geprafft gouf.
Léiler | |
---|---|
Léiler vu Süde gesinn | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Lieler de: Lieler |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Klierf |
Buergermeeschter | Georges Keipes |
Awunner | 289 |
01.01.2018 | |
Fläch | 730,22 ha |
Héicht | 471 m |
Koordinaten | 50° 07’ 29’’ N 06° 06’ 35’’ O |
Léiler läit op der Lëtzebuerger Säit vum Dräilännereck mat der Belsch an Däitschland. Nopeschuertschaften déi Säit der Grenzen am Oste sinn Ouren (Belsch) a Sevenig (Däitschland). Nordwestlech läit Wäiswampech, westlech Breedelt a südlech Hengescht a Kaalber.
Den Numm vun der Uertschaft huet sech banne ronn 250 Joer ganz lues vu Lelour op Léiler (respektiv déi fr./dt. Form Lieler) verännert. An Urkunde liest een: 1535 Lelour; 1541, 1567, 1616 Lelar oder Lelair; 1551 Leilar; 1588 Leler; 1605 Lellar; 1621 Liler; 1631, 1664 Leller; 1656 Lehller; 1736, 1751 Lehler; 1755 Lieller; 1767, 1788 Lieler.
D'Deitung vum Numm ass net eendeiteg. Op der enger Säit mengt de La Fontaine, datt Léiler fréier eng Uertschaft war an där d'Awunner sech absënns der Musek an der Poesie higinn hunn, wärend d'Endsilb -lar keltesch wier an e Grapp Awunner bedeite soll.
Aner Geschichtsfuerscher[Wien?] zweifelen awer un där Theorie an hale sech éischter un eng Iwwerliwwerung, déi dovu schwätzt datt d'Duerf fréier bei engem Fiels no bei Hengescht gewiescht soll sinn, deen haut nach als Brautley bekannt ass. Wéi bei enger Pescht bal all d'Awunner hiert Liewen hu misse loossen, do hätten d'Iwwerliewend sech e puer Kilometer méi wäit néiergelooss an do d'Duerf Lehlar gegrënnt, wat souvill heesche géif wéi Duerf oder Siidlung vun de Leit vun der Ley.
Commons: Léiler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Léiler, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.