Den Abdel Fattah Saeed Hussein Khalil al-Sissi, (Arabesch:عبد الفتاح سعيد حسين خليل السيسي), gebuer den 19.
November">19. November 1954 zu Kairo, ass en egyptesche Militär a Politiker. Den 28. Mee 2014 gouf hien zum President vu sengem Land gewielt.
Abdel Fattah al-Sissi | |
---|---|
Gebuer | 19. November 1954 Kairo |
Nationalitéit | Egypten |
Educatioun | Egyptesch Militärakademie |
Aktivitéit | Politiker, Militär |
Partei | Onofhängeg |
De Sissi huet 1977 op der egyptescher Militärakademie studéiert. Hien huet donp an der Infanterie gedéngt, wou en op den Ëmgang mat Antitankswaffe spezialiséiert war.
2008 gouf de Sissi Commandant vun der Nërdlecher Militärregioun Alexandrien. Duerno gouf en Direkter vum Militäreche Geheim- a Sécherheetsdéngscht. Hie gouf geschwë Member vum Ieweschte Rot vun der Arméi, an am August 2012 gouf e vum President Morsi zum President vun dem Rot ernannt a gouf gläichzäiteg Verdeedegungsminister.
Den 1. Juli 2013 huet d'Arméi dem President Morsi een Ultimatum gesat, fir datt e soll bannent 2 Deeg d'politesch Kris léisen. Den 3. Juli huet se, wéi d'Ultimatum ofgelaf war, de President ofgesat. De President vum Verfassungsgeriicht, den Adly Mansour, gouf Interimspresident. Deen huet am Januar 2014 de Sissi zum héchste Rang vun engem Marschall befërdert.
De 26. Mäerz huet de Sissi seng militäresch Funktiounen néiergeluecht, fir fir d'Presidentewale kënnen ze kandidéieren. Hien huet déi Walen, déi vum 26. bis den 28. Mee 2014 waren, gewonnen.
Commons: Abdul Fatah al-Sissi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Abdel Fattah al-Sissi, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.