Guinea

Guinea, op Franséisch République de Guinée, ass e Staat a Westafrika.

République de Guinée
Republik Guinea

Fändel vu Guinea

Wope vu Guinea

Detailer

Detailer
National Devise: Travail, Justice, Solidarité
Guinea
Offiziell Sprooch: Franséisch
Haaptstad: Conakry
Staatsform: Republik
 • Président: Mamady Doumbouya
 • Premierminister: Bah Oury
Fläch: 245.857 km² (77.)
Bevëlkerung: 14.190.612 (2023) (75.)
 • Bevëlkerungsdicht: 57,7/km²
Onofhängegkeet: 2. Oktober 1958 (vu Frankräich)
Nationalfeierdag: 3. Abrëll
Nationalhymn: Liberté
Wärung: Guinea-Franc (GNF)
Zäitzon: UTC +0
Internet TLD: .gn
Internationalen
Telefonsprefix
:
+224
Guinea

Geographie

Guinea 
Topographesch Kaart vu Guinea

Guinea ass 245.857 Quadratkilometer grouss an domat ongeféier esou grouss wéi d'Vereenegt Kinnekräich. Et grenzt un d'Côte d'Ivoire (816 Kilometer laang Grenz), Guinea-Bissau (421 km), Liberia (590 km), Mali (1.062 km), Senegal (363 km) a Sierra Leone (794 km). Donieft huet Guinea och nach 320 km Küst um Atlantik.

Et kann ee Guinea a véier grouss geographesch Regiounen andeelen: dat maritiimt Guinea, dat haaptsächlech vun de Susu bewunnt gëtt; de méi killen a reeneresche Biergmassiv Fouta-Djalon, dat ronn 80.000 Quadratkilometer grouss ass, d'Land zentral op enger Nord-Süd-Ax duerchleeft a vun de Fula bewunnt gëtt; dat sahelt Héichguinea am Nordosten, dat vun de Malinké bewunnt gëtt; an d'Dschungelregiounen am Südoste mat ville verschiddenen ethnesche Gruppen. An de Bierger vu Guinea leien d'Quelle vu ville westafrikanesche Flëss, dorënner dem Niger, dem Gambia, dem Rio Corubal an dem Senegal.

Den héchste Punkt am Land ass de Mont Nimba mat 1.752 Meter.

D'Klima ass waarm a fiicht. Tëscht Juni an November ass Reenzäit; d'Dréchenzäit ass vun Dezember bis Mee.

2011 goufen ongeféier 58,1% vun der Landfläch fir landwirtschaftlech Zwecker benotzt a 26,5% ware Bëscher.

Geschicht

Pre-europäesch Zäit

Dat haitegt Guinea war en Deel vun enger Rei vu westafrikanesche Räicher, ugefaange mam Ghanaräich ëm d'Joer 900. Duerno ass d'Kinnekräich vu Sosso am 12. an 13. Joerhonnert komm. No der Schluecht vu Kirina 1235 huet d'Maliräich d'Kontroll iwwer d'Regioun gewonnen, mä ass mat der Zäit wéinst interne Konflikter ëmmer méi schwaach ginn, éier et dunn opgeléist gouf. Ee vun de stäerksten Nofollger war de Staat Songhai, dat spéidert Songhairäich. Et war méi grouss a méi räich wéi seng Virgänger, mä ass och interne Krisen an engem Biergerkrich zum Affer gefall a 1591 no der Schluecht vu Tondibi zesummegefall.

Duerno ass eng chaotesch Period komm, éier am 18. Joerhonnert islamistesch Staate gegrënnt goufen, déi Stabilitéit an d'Regioun bruecht hunn. Eng parallel Entwécklung war d'Awanderung vun de Fulani Moslemen an d'Héichland vum Fouta-Djalon am fréien 18. Joerhonnert.

Europäesch Kolonialisatioun

Déi éischt Europäer sinn zurzäit vun de portugiseschen Entdeckungen am 15. Joerhonnert komm, wat den Ufank vum Sklavenhandel mat sech bruecht huet. 1890 ass Guinea als franséisch Kolonie gegrënnt ginn. D'Haaptstad Conakry gouf am selwechte Joer op der Insel Tombo gegrënnt. Fënnef Joer méi spéit ass den Territoire an d'Franséischt Westafrika integréiert ginn.

Den 28. September 1958, ënnert der Leedung vum Charles de Gaulle, huet Metropolfrankräich e Referendum iwwer eng nei Verfassung an d'Schafe vun der fënnefter Republik gehalen. D'Kolonien (ausser Algerien, dat legal en direkten Deel vu Frankräich war) haten d'Wiel tëscht direkter Onofhängegkeet oder d'Verbleiwen als franséisch Kolonie. Mat der Ausnam vu Guinea hunn all d'Kolonien (no vill franséischer Propaganda an Dreeungen) fir déi zweet Optioun gestëmmt. Sou war Guinea déi éischt franséisch Kolonie um afrikanesche Kontinent, déi onofhängeg gouf. Domat hunn d'Fransousen awer direkt hir komplett Assistenz opgehalen.

Onofhängegkeet

Den éischte President war den Ahmed Sékou Touré, deen eng sozialistesch Wirtschaftspolitik ëmgesat huet an d'Oppositioun ënnerdréckt huet. Ënnert him ass d'Land Member vun der Beweegung vun den net-alignéierte Staate ginn, an huet awer enk Verbindungen zum Ostblock entwéckelt.

Nom Touré sengem Doud 1984 huet de Generol Lansana Conté d'Muecht u sech gerappt. Hien huet sengem Virgänger seng Wirtschaftspolitik geännert, mä trotzdeem diktatorial weiderregéiert. Eréischt 1993 goufe Wale gehalen, an deenen hien zum President vun enger ziviller Regierung gewielt ginn ass. Hie ass 1998 an 2003 erëmgewielt ginn, obwuel all déi Wale vun Irregularitéite markéiert waren an d'Resultater ëmstridde sinn.

21. Joerhonnert

Trotz de Konflikter an den Nopeschlänner Sierra Leone a Liberia ass Guinea intern stabil bliwwen. Mat der Zäit an dem Neiopbau vun deene Länner huet sech dunn awer déi guinäesch politesch a wirtschaftlech Kris verschäerft. Eng schlecht Ekonomie a wäitleefeg Onzefriddenheet mat enger korrupter Regierung hunn 2006 zwou massiv Streikwelle provozéiert, wärend deenen och 10 Studente vun der Arméi erschoss goufen. En drëtten nationale Streik am fréien 2007 huet a ville Stied gewalttäteg Protester mat iwwer 100 Doudege provozéiert, wouropshin zwou Woche laang d'Krichsrecht deklaréiert gouf. Guinea stoung kuerz virum Biergerkrich a fir d'Gewerkschaften ze berouegen an den Onrouen en Enn ze setzen huet de Conté eng Rei sozial Mesure geholl an am Mäerz 2007 en neie Premierminister ernannt.

2008 ass de Conté enges natierlechen Doud gestuerwen an de Kapitän Moussa Dadis Camara huet erfollegräich e Militärputsch geleet an d'Verfassung ausgesat. Säi Refus, dem nationalen an internationalen Drock nozeginn an zeréckzetrieden, huet d'politesch Spannung verschäerft. Héichpunkt vun deene Spannunge war eng Manifestatioun vun der Oppositioun am September 2009, bei där méi wéi 150 Demonstrante vun der Presidentegarde erschoss goufen. Am Dezember 2009 ass de Camara bei engem Muerdversuch verletzt ginn an an de Burkina Faso an den Exil gaangen. Eng Interimsregierung huet Guinea op de Wee vun der Demokratie bruecht.

2010 an 2013 huet Guinea seng éischt demokratesch Presidentewalen, respektiv legislativ Wale gehalen. President ass den Alpha Condé ginn. Hien ass 2015 erëmgewielt ginn.

2013 ass eng Ebolaepidemie a Guinea an an den Nopeschlänner ausgebrach an huet eng Gesondheets- a Wirtschaftskris am Land provozéiert. Am Ganze sinn op d'mannst 2.535 Persoune gestuerwen., Den 29. Dezember 2015 huet d'Weltgesondheetsorganisatioun Guinea fir Ebolafräi deklaréiert.

Um Spaweck

Commons: Guinea – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Guinea GeographieGuinea GeschichtGuinea Um SpaweckGuinea

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

AshcanVietnamkrichSibirienSlowakeschArrondissement ArrasBaryzentrumJangliC++Angkor WatWest Ham United FCYerkes-Observatoire1996BankAndré GrosbuschEngleschGertraud JessererVerdauungsapparatFrantz KinnenOlympesch Summerspiller 1956Jean-Luc LehnersRandProvënz SaragossaFC BarcelonaConservatoire vun der Stad LëtzebuergLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Esch-UelzechtGeorgienMexiko1533Lotte LedlMarcel CahenOlympesch HymnBatmanBlue (Film 1968)Edouard KohlHans SöhnkerRodeschNorwegenÉmile MarkUruguayIsraelJean-Pierre WelterRue Philippe-IIJosy Braun11. JanuarLëscht vun de Schachgroussmeeschteren45 YearsLëtzebuerger am KongoMady ChristiansDan SpogenNordmazedonienAcademy AwardsCybele-AsteroidenOrdre de la couronne de chêneSummerzäitKathedral Saint-Pierre zu BeauvaisDannie-Heineman-Präis fir AstrophysikKolumbienFranz Josef GottliebLetzeburger Nationalunio'nPéiter de GroussenPandemieJean NicolasBridder GrimmAC/DCWalter GrossSchongAndrei Dmitrijewitsch SacharowUnited Instruments of LucilinBaastenduerfNora BackAndy GenenMarokkoJosé Raúl CapablancaCarl SaganFinanzkris 2007/2008Schock (Film)Philippe Henri Blasen🡆 More