D'Elizabeth II., gebuer den 21.
Abrëll">21. Abrëll 1926 zu Mayfair (London) a gestuerwen den 8. September 2022 um Schlass Balmoral, mam ganzen Numm Elizabeth Alexandra Mary aus dem Haus Windsor, war, a Personalunioun, déi konstitutionell Monarchin vu 15 Staaten, de sougenannte Commonwealth Realms, souwéi deenen hiren Territorien an de Gebidder, déi dovun ofhänken. Et ass dat d'Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland, Antigua a Barbuda, Australien, d'Bahamas, Belize, Grenada, Jamaika, Kanada, Neiséiland, Papua Neiguinea, d'Salomonen, Saint Kitts an Nevis, Santa Lucia, Saint Vincent an d'Grenadinnen an Tuvalu. An alle Länner ausser dem Vereenegte Kinnekräich léisst se sech an hiren (bal nëmme representativen) Rechter a Flichten duerch Generalgouverneure representéieren.
Elizabeth II. | |
---|---|
Titelen | |
Kinnigin vum Vereenegte Kinnekräich | |
Zäit | 1926 bis 2022 |
Virgänger | George VI. |
Nofollger | Charles III. |
Biographie | |
Gebuer | 21. Abrëll 1926 Mayfair |
Gestuerwen | 8. September 2022 |
Bestuet mat | Philip Mountbatten |
Papp | George VI. |
Mamm | Elizabeth Bowes-Lyon |
Geschwëster | Margaret |
Kanner | Charles III., Anne, Andrew vu York, Edward vu Wessex |
Si war ausserdeem de Chef vum Commonwealth of Nations, an deem 53 Staate Member sinn, an de weltleche Chef vun der anglikanescher Church of England.
D'Elizabeth war d'Duechter vum Prënz Albert, dem spéidere Kinnek George VI. a senger Fra Elizabeth. Am Zweete Weltkrich huet si ugefaangen, ëffentlech Aufgaben z'iwwerhuelen, a si huet an der Fraesektioun vun Hëllefstruppe vun der brittescher Arméi gedéngt. 1947 huet si de Prënz Philip vu Griicheland an Dänemark bestuet, mat deem se véier Kanner huet: den Charles, d'Anne, den Andrew an den Edward.
De 6. Februar 1952, nom stënterlechen Doud vun hirem Papp, gouf si Kinnigin vu siwe Commonwealth Realms, duerno sinn der ëmmer nees derbäikomm oder ewechgefall. Den 2. Juni 1953 gouf si an der Westminster Abbey offiziell gekréint, wat - eng Première - live op der Televisioun iwwerdroe gouf.
An hirem Règne vun iwwer 70 Joer sinn als markant Evenementer z'ernimmen: d'Dekolonisatioun vum Britteschen Empire, de Kale Krich, den Nordirlandkonflikt, souwéi 1971 de Bäitrëtt an d'Europäesch Unioun (dunn nach EWG) an 2020 nees den Austrëtt doraus.
Zanter dem 23. Januar 2015 war si déi eelst Staatscheffin am Amt; zanter dem 9. September 2015 déi brittesch Monarchin, déi am längsten um britteschen Troun souz an zanter dem 13. Oktober 2016 dee Monarch op der Welt, dee bis zu sengem Doud am längsten um Troun war.
Commons: Elizabeth II. – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Elizabeth II., which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.