Eng konstitutionell Monarchie ass eng Regierungsform, déi e Monarch, gewielt oder duerch Ierfschaft als Staatschef unerkannt huet, mä wou d'Muecht vum Monarch duerch eng Constitutioun limitéiert ass.
Déi modern konstitutionell Monarchië si meeschtens parlamentaresch Monarchie mat engem System vun der Gewaltentrennung, wou de Monarch de symbolesche Chef vun der Exekutiv ass. An der Praxis iwwerhëlt e Premierminister, dee vum Parlament ënnerstëtzt gëtt, déi Roll.
De Monarch, deen onofhängeg vu politesche Parteien ass, huet virun allem eng symbolesch Roll, als Garant vun der Constitutioun an der Demokratie, dem nationalen Zesummenhalt, der Integritéit vum Territoire, mä och als Symbol vun der historescher Kontinuitéit vum Staat, Representant a Garant vu sengen Intressen am Ausland. De Monarch kann och e Recht op Rotschléi a Warnungen zu der Politik vum Gouvernement hunn, an en Arbitter am Fall vun enger politescher Kris sinn. Aus dësem Grond spillt de Monarch eng neutral Roll, a kënnt och als Mediateur zum Asaz . De parlamentaresche Monarch regéiert, mä gouvernéiert net, oder fir et mam Adolphe Thiers senge Wierder ze soen:
De Monarch duerch Ierfschaft kann e Kinnek oder eng Kinnigin sinn, wéi et an de meeschten europäesche Monarchien de Fall ass, mä och e Groussherzog, wéi zu Lëtzebuerg, oder e Prënz, wéi zu Monaco oder Liechtenstein, oder och e Keeser, wéi a Japan.
D'Konzept vun enger konstitutioneller Monarchie kënnt aus den absolutte Monarchië vum Enn vum Mëttelalter, wéi de Monarch a säi Gouvernement d'Autoritéit haten. Duerch d'Entwécklung vun der Bedeelegung vun der Bevëlkerung an den Demokratien ass d'Muecht op Versammlungen a Parlamenter iwwergaangen, fir méi demokratesch Systemer an d'Liewen ze ruffen.
An enger konstitutioneller Monarchie geet de Poste vum Staatschef an der kinneklecher Famill weider. De Staatschef ass an der Theorie responsabel fir d'Exekutive, wat och Ausdréck a Formele wéi « Le gouvernement de Sa Majesté » erkläert.
Verschidde Constitutioune schléissen allerdéngs eng Participatioun um Gouvernement aus. Dëst ass de Fall a Schweden an a Japan.
Staat | Zanter der Constitutioun vun | Typ | Wal vum Monarch |
---|---|---|---|
Andorra | 1993 | Coprincipautéit | Bëschof vu La Seu d'Urgell a President vun der franséischer Republik |
Antigua a Barbuda | 1981 | Kinnekräich | Ierflech |
Australien | 1901 | Kinnekräich | Ierflech |
Bahamas | 1973 | Kinnekräich | Ierflech |
Bahrain | 2002 | Kinnekräich | Ierflech |
Barbados | 1966 | Kinnekräich | Ierflech |
Belsch | 1831 | Kinnekräich | Ierflech |
Belize | 1981 | Kinnekräich | Ierflech |
Kambodscha | 1993 | Walmonarchie | Gewielt vun den néng Membere vum Trounrot |
Kanada | 1867 | Kinnekräich | Ierflech |
Dänemark | 1849 | Kinnekräich | Ierflech |
Vereenegt Arabesch Emirater | 1971 | Walmonarchie | Gewielt vun de siwen Emiren |
Spuenien | 1978 | Kinnekräich | Ierflech |
Grenada | 1974 | Kinnekräich | Ierflech |
Salomonen | 1978 | Kinnekräich | Ierflech |
Jamaika | 1962 | Kinnekräich | Ierflech |
Japan | 1946 | Keeserräich | Ierflech |
Jordanien | 1952 | Kinnekräich | Ierflech |
Kuwait | 1962 | Emirat | Ierflech, mat der Zoustëmmung vun der Famill Al-Sabah an der Majoritéit vun der Nationalversammlung |
Lesotho | 1993 | Kinnekräich | Ierflech mat der Zoustëmmung vum Cheffekollegium |
Liechtenstein | 1862 | Principautéit | Ierflech |
Lëtzebuerg | 1868 | Groussherzogtum | Ierflech |
Malaysia | 1957 | Walmonarchie | Gewielt vun den néng Sultane vun de malaiesche Staaten |
Monaco | 1911 | Principautéit | Ierflech |
Marokko | 1962 | Kinnekräich | Ierflech |
Nepal | 1991 | Kinnekräich | Ierflech |
Neiséiland | 1840 | Kinnekräich | Ierflech |
Norwegen | 1814 | Kinnekräich | Ierflech |
Papua-Neiguinea | 1975 | Kinnekräich | Ierflech |
Holland | 1815 | Kinnekräich | Ierflech |
Vereenegt Kinnekräich | 1688 | Kinnekräich | Ierflech |
Saint Kitts an Nevis | 1983 | Kinnekräich | Ierflech |
Saint Lucia | 1979 | Kinnekräich | Ierflech |
Saint Vincent an d'Grenadinnen | 1979 | Kinnekräich | Ierflech |
Schweden | 1719 | Kinnekräich | Ierflech |
Thailand | 1997 | Kinnekräich | Ierflech |
Tonga | 1970 | Kinnekräich | Ierflech |
Tuvalu | 1978 | Kinnekräich | Ierflech |
Verschidde Länner haten och de Versuch vun enger konstitutioneller Monarchie gewot, allerdéngs si si spéider nees zum republikanesche System zeréckkomm:
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Konstitutionell Monarchie, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.