Commonwealth of The Bahamas | |||||||
| |||||||
Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||||
Haaptstad: | Nassau | ||||||
Staatsform: | Parlamentaresch Demokratie a Konstitutionell Monarchie | ||||||
Fläch: | 13.878 km² | ||||||
Bevëlkerung: | 330.549 (2007) | ||||||
D'Bahamas, mam ganzen Numm The Commonwalth of the Bahamas, ass eng Inselgrupp nërdlech vu Kuba a südëstlech vun den USA. Den Inselstaat besteet aus 690 Inselen déi sech iwwer 800 km erstrecken a vun deenen nëmmen 29 bewunnt sinn.
D'Haaptstad, an zugläich gréisst Stad ass Nassau op der Insel New Providence.
De Christoph Kolumbus huet den 12. Oktober 1492 d'Bahamas entdeckt an op der Insel San Salvador am Osten ugeluecht.
D'Bahamas ass Member vum Brittesche Commonwealth a vun de Vereenten Natiounen. De Staat erkennt d'Kinnigin Elisabeth II. vu Groussbritannien als Staatschefin un, déi vun engem Generalgouverneur representéiert gëtt.
De legislative System berout op zwou Branchen, der parlamentarescher Assemblee an dem Senat.
Bei der Vollekszielung 1990 goufen et 255.00 Awunner, dovun 72 % Schwaarzer, 14 % Mulatten, an 12 % Wäisser.
Déi offiziell Sprooch ass Englesch, donieft ass Kreolesch wäit verbreet.
D'Bahamas ass eng wichteg Finanzplaz, déi, wéi och Lëtzebuerg, fir d'Domziliatiounen, ënner anerem vu Captive-Gesellschaften, gesicht ass.
Een anere wichtegen ekonomesche Faktor ass den Tourismus.
Commons: Bahamas – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Bahamas, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.