Kale Krich

De sougenannte Kale Krich ass déi Zäit tëscht dem Enn vum Zweete Weltkrich an den uganks 1990er Joren.

Kale Krich Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Zäit, an där d'USA an d'Sowjetunioun mat hiren Alliéierten hir ënnerschiddlech Opfaassunge vertrueden hunn, ouni et op en oppene Krich ukommen ze loossen.

Et gouf awer eng sëllege Stellvertriederkricher.

D'offiziellt Enn vum kale Krich gëtt generell mam Zesummefall vun der Sowjetunioun an Zesummenhang bruecht.

D'Situatioun nom Zweete Weltkrich

Kale Krich 
NATO a Warschauer Pakt Bëndnesser an Europa

No der Victoire vun den Alliéierten iwwer d'Nazi-Däitschland gouf Europa tëschent den zwou gréisste Muechten opgedeelt: de Westblock, ënner demokratesche Regimmer wou d'USA un der Spëtzt stoung, an dem Ostblock, ënnert kommunistesche Regimmer mat der Sowjetunioun un der Spëtzt. Doraus entstoungen dunn zwéi Pakten: d'NATO an de Warschauer Pakt.

De Start vum Kale Krich

Den Ausgangspunkt vum Kale Krich gëtt dacks mat der Irankris vun 1946 festgeluecht. Déizäit huet den amerikanesche President Harry S. Truman der Sowjetunioun mat engem Atomkrich gedreet, wa se hir Truppen net aus dem Iran ofzéie géif. Am Hannergedanken haten d'Amerikaner dobäi den einfachen a garantéierten Zougank zum iranesche Pëtrol.

D'Bildung vum Ostblock

Nach wärend dem Zweete Weltkrich goufen, beim sowjetesche Virstouss a Richtung Berlin, um Wee eng Rëtsch provisoresch kommunistesch Regimmer opgestallt. A Länner wéi Polen, Rumänien a Bulgarien koume kommunistesch Regimmer friddlech un d'Muecht. An Ungarn an an der Tschechoslowakei gouf et 1948 Coup-d'Étaten.

Truman-Doctrine

Den Harry S. Truman mouch den 12. Mäerz 1947 an enger Ried bekannt, datt d'USA "all fräi Vëlker ënnerstëtzt, déi sech géint d'Ënnerwerfung duerch bewaffnet Minoritéiten oder duerch Drock vu bausse widdersetzen".

No där Ried hunn d'USA fir de Rescht vum Kale Krich eng Politik gefouert, déi "Endiguement" genannt gëtt. D'Zil dobäi war et, Länner ekonomesch a militäresch vun den USA sou ofhängeg wéi méiglech ze maachen, fir sech hinnen hir Loyalitéit ze garantéieren. En Deel dovu war den European Recovery Program (ERP), och "Marshallplang" genannt. Dee Plang huet den Erëm-Opbau vun zerstéierte Stied a Länner ënnerstëtzt.

Stellvertriederkricher

Koreakrich

Kale Krich 
Verlaf vum Korea-Krich

De Koreakrich war den éischte Konflikt deen an der Zäit vum Kale Krich entstanen ass an en huet sech séier an e Stellvertriederkrich entwéckelt. Nom Ofzuch vun de sowjeteschen an den amerikaneschen Truppen aus Korea, si séier Grenzkonflikter tëschent de béiden nei kreéierte Staaten, Nordkorea a Südkorea, entstanen. Béid Länner wollten e vereenegt Korea hunn.

Kale Krich  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Koreakrich.

Um Spaweck

Commons: Kale Krich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Kale Krich DSituatioun nom Zweete WeltkrichKale Krich De Start vum Kale Krich StellvertriederkricherKale Krich Um SpaweckKale KrichKrichSowjetuniounVereenegt Staate vun AmerikaZweete Weltkrich

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

US-DollarLycée technique de BonnevoieFair useMalawiMinettsdappBelschGriichesch MythologieDrëtte StandKale KrichGalaxiëkoupBoulevard de la PétrussePhilosophieHooverphonicMoscheeJean vu Lëtzebuerg (1957)Organization of the Petroleum Exporting CountriesPolitesch ParteiRue Philippe-IIBridder GrimmNarzissenDeskriptiv StatistikRaymond Clement1. AbrëllCesc FàbregasChileIngrid SteegerGléckNorwegesch17. Dezember16. JuliCorey TaylorAndré GrosbuschKońskowola1. JanuarMarcus Tullius CiceroCharles MansonBaryzentrumLeonard NimoyWässegC++Schëld C, 18Science-FictionTangshanBlanco (Sänger)MäerzUnited Instruments of LucilinFrantz KinnenLiberal Democrats (Vereenegt Kinnekräich)(2060) ChironAntares (Stär)Pasta19. JuniDräikinneksdagInternetSpaceXAshcanTierkeiPutty SteinChaildOrion (Stärebild)Cecilia Payne-GaposchkinGriicheschPolarrank-GalaxisSources RosportNikolai Andrejewitsch Rimski-KorsakowMartin LamotteLex Delles2008Ed LauterSowjetuniounGeorg WestenfelderCybele-AsteroidenAngela MerkelA Wopbopaloobop A LopbamboomComputer🡆 More