Regierung

D'Regierung oder de Gouvernement ass déi iewescht Institutioun vun engem Staat.

Regierung Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Si leet an iwwerwaacht d'Gesamtpolitik vum Staat. D'Regierung, hir Organisatioun a Funktioun stinn an enker Bezéiung mat der Herrschaftsstruktur, déi an der entspriechender Gesellschaft besteet, a mat der sozio-ekonomescher Uerdnung.

A modernen, demokratesche Staaten ass mat Regierung meeschtens d'Exekutiv vun engem Staat oder vun enger Gebittseenheet vun engem Staat gemengt.

zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg setzt sech d'Exekutivorgan aus dem Groussherzog an de Ministeren zesummen. Op Grond vun der Constitutioun ass et de Grand-Duc eleng, deen d'Exekutiv ausüübt, mä all Decisioun muss vun engem Regierungsmember contresignéiert ginn. De Grand-Duc reegelt d'Organisatioun vu senger Regierung, déi op d'mannst aus dräi Membere bestoe muss, an ernennt deemno d'Ministeren. Hien huet theoreetesch déi fräi Wiel fir déi Leit erauszesichen déi zesumme mat him, als Minister, d'Exekutiv bilden. An der Praxis ass de Grand-Duc awer a sengem Choix limitéiert well d'demokratesch Prinzippie verlaangen, datt d'Ministeren net nëmmen d'Vertraue vum Grand-Duc, ma och vun der Chamber mussen hunn. No den allgemenge Gewunnechten ass et esou, datt de Grand-Duc just de President vun der Regierung (Premierminister) eraussicht, deen da seng Mataarbechter proposéiert fir eng Regierung op d'Been ze stellen, déi vun der Chamber ugeholl gëtt. De Grand-Duc ernennt déi Perséinlechkeeten déi him vum Regierungspresident proposéiert ginn.

Regierung Méi Informatioun doriwwer am Artikel Regierung (Lëtzebuerg) an am Artikel Lëscht vun de Lëtzebuerger Regierungen

Um Spaweck

Commons: Regierung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

PolitikStaat

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

LuxLeaksJean vu LëtzebuergSarah SchreiberCharles BarthelLëscht vu lëtzebuergesche SportlerMusekKatalounienSechseckGrenadaAutomobile Club du Grand-Duché de LuxembourgBarockLa LuxembourgeoiseRandscheltPedagogikAristotelesRenert oder de Fuuss am Frack an a MaansgréisstEuropa (Kontinent)ArmenienHaaptsäit/WDS-ArchivSambiaAli RuckertTelekommunikatiounAntoine MeyerLiichtmëssdagCathy ClementCaspar Mathias SpooFranséisch-FlandernLëtzebuerg am Zweete WeltkrichAuguste TrémontPëtzLouheckGriichelandBatty WeberLycée classique d'EchternachLiteraturSchëld F, 17BlogHaaptsäit/Op engem/AbrëllBibelFechtenIslamDEngleschDullemajik (Museksgrupp)Schëld F, 15Cécile PapierJo KoxHHenri AhlbornAlain AttenJohny FlickNationalstrooss 50Arthur KennedyGroussherzog vu LëtzebuergLëscht vun de Weekräizer zu LëtzebuergPiret MängelPlace de la ConstitutionJean Louis SchlimBroschtLycée Josy-Barthel MamerRegierungEdmund StoiberSteve ThullStade du ThillenbergIvan Boumans🡆 More