Den Augustus, gebuer den 23.
September">23. September 63 v. Chr. als Gaius Octavius zu Roum, a gestuerwen den 19. August 14 n. Chr. zu Nola bei Neapel, war den éischte réimesche Keeser. Säi Keesertitel war Imperator Caesar Divi filius Augustus.
Augustus | |
---|---|
Gebuertsnumm | C. Octavius C.f. |
Gebuer | 23. September 63 v. Chr. jul. Roum |
Gestuerwen | 19. August 14 jul. Nola |
Nationalitéit | Réimescht Räich |
Famill | |
Bestuet mat | Clodia, Scribonia, Livia Drusilla |
Papp | Gaius Octavius |
Mamm | Atia |
Geschwëster | Octavia Minor, Octavia Maior |
Kanner | Julia |
Hie war de Groussneveu an Haaptierwe vum Gaius Iulius Caesar, dee 44 v. Chr. ermuert gi war, an de Gewënner vun de Muechtkämpf déi d'Folleg dervu waren. Den Augustus war vun 31 v. Chr. bis 14 n. Chr. eenzegen Herrscher vum Réimesche Räich.
Hien huet d'Devis erausgi fir d'Republik nees ze restautréieren (restitutio rei publicae), ma a Wierklechkeet huet en de Staatssystem sou ëmgewandelt, datt eng Monarchie a Form vun engem Prinzipat entstanen ass. Domat huet hien dem Joerhonnert vun de réimesche Biergerkricher en Enn gesat an d'julesch-claudesch Keeserdynastie gegrënnt.
Wärend senger Herrschaft huet Roum sech mat vill Expansiounskricher vergréissert (z. B. Egypten, oder vun der gallescher Westgrenz an den Alpen bis bei de Rhäin an d'Donau), no banne war et eng laang Friddens- a Konsolidéierungsphas, déi als Pax Augusta verkläert gouf.
Commons: Gaius Iulius Caesar Octavianus Augustus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich. |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Augustus, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.