De Guy Rewenig, gebuer den 31.
August">31. August 1947 zu Lëtzebuerg, war bis 1984 Schoulmeeschter an ass zanterhier fräie Schrëftsteller. 2005 krut en de Batty-Weber-Präis fir säi Gesamtwierk.
Guy Rewenig | |
---|---|
Pseudonym | Juanita Banana, Tania Naskandy, United Guys |
Gebuer | 31. August 1947 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Stater Kolléisch |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Iwwersetzer |
Famill | |
Papp | Marcel Rewenig |
De Guy Rewenig ass an der Stad, zu Gaasperech an zu Zéisseng, opgewuess, an huet am Kolléisch d'Première gemaach. Hien huet zu Walfer fir Schoulmeeschter geléiert an huet dëse Beruff fir d'éischt zu Beetebuerg, duerno, vun 1971 un, zu Esch-Uelzecht gemaach. 1984 ass en op Nouspelt geplënnert, wou en zanterhier als fräie Schrëftsteller lieft.
1974 war hien e Grënnungsmember vun der ASTI. 2000 huet en zesumme mam Roger Manderscheid de Verlag Éditions Ultimomondo gegrënnt.
Vun 1963 un huet de Guy Rewenig éischt Filmkritiken am Luxemburger Wort publizéiert. 1970 ass säin éischt Theaterstéck Interview, erauskomm, am selwechte Joer e Band mat Erzielungen, Als der Feigenbaum verdorrte. Zanter 1973 schreift hien och Kannerliteratur; säi Buch Muschkilusch, dat 1980 erauskoum, ass aachtmol nei opgeluecht ginn.
1985 huet de Rewenig säin éischte Roman op Lëtzebuergesch, Hannert dem Atlantik, publizéiert. Hie schreift bis haut op Däitsch, Lëtzebuergesch a Franséisch. Hien huet als fräie Mataarbechter Artikelen an Zeitungen an Zäitschrëfte verëffentlecht, ë. a. am Tageblatt, Lëtzebuerger Land, Alternativ, Perspektiv, Gréngespoun a Forum. Dacks waren dat zäitkritesch, satiresch Texter, an deenen de Rewenig sozial a politesch Mëssstänn thematiséiert huet an d'Liewen an d'Mentalitéiten zu Lëtzebuerg kommentéiert huet.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Commons: Guy Rewenig – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Guy Rewenig, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.