D'Marja-Leena Junker, gebuer de 14.
August 1945 zu Padasjoki, ass eng finnesch Schauspillerin a Regisseurin.
Marja-Leena Junker | |
---|---|
Gebuer | 14. August 1945 Padasjoki |
Nationalitéit | Finnland |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Theaterregisseur |
Si lieft zanter 1966 zu Lëtzebuerg an ass zanter 1992 artistesch Direktesch vum Théâtre du Centaure..
Si gëtt och Schauspillcoursen um Stater Conservatoire. Ausserdeem spillt si selwer an Theater- a Filmrollen. Si war déi éischt Sekretärin vun der lëtzebuergescher Sektioun vun Amnesty International.
2007 gouf si mam Prix Anne Beffort ausgezeechent.
Am Juni 2015 huet si matgedeelt, datt d'artistesch Direktioun vum Theater géif vun der Myriam Muller iwwerholl ginn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Marja-Leena Junker, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.