De Raymond Octave Joseph Barre, gebuer den 12.
Abrëll">12. Abrëll 1924 zu Saint-Denis (Réunion) a gestuerwen de 25. August 2007 zu Paräis war e franséischen Ekonomist a Politiker. Ënner dem President Valéry Giscard d'Estaing war hien tëscht 1976 an 1981 Premierminister vu Frankräich an, ënner de Presidente Jean Rey a Franco Maria Malfatti, tëscht 1967 an 1973 Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun.
Raymond Barre | |
---|---|
Gebuer | 12. Abrëll 1924 Saint-Denis |
Gestuerwen | 25. August 2007 5. Arrondissement |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Institut d'études politiques de Paris, Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Ekonomist, Politiker, Professer |
Member vun | Académie des sciences morales et politiques |
1981 huet e kandidéiert fir franséische President ze ginn, blouf duerno Deputéierten an der Assemblée nationale. Hien huet um Institut d'Études Politiques Coursë ginn a war vun 1995 an 2001 Buergermeeschter Lyon.
Hien, dee sech selwer eng Kéier als Un homme carré dans un corps rond bezeechent huet stoung zwar de mëtt-riets Parteien no, war awer ni Member vun enger.
Commons: Raymond Barre – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Raymond Barre, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.