Den James Earl Jimmy Carter, Jr., gebuer den 1.
Oktober 1924 zu Plains, an Georgia, ass en US-amerikanesche Politiker (Democratic Party) an Auteur. Hie war tëscht 1977 an 1981 den 39. President vun de Vereenegte Staaten. 2002 krut hien de Friddensnobelpräis fir seng Aarbecht mam Carter Center.
Jimmy Carter | |
---|---|
Funktioun | |
39. President vun den USA | |
20. Januar 1977 - 20. Januar 1981 | |
Virgänger | Gerald Ford |
Nofollger | Ronald Reagan |
Partei | Demokratesch Partei |
Biographie | |
Gebuertsnumm | James Earl Carter Jr. |
Gebuer | 1. Oktober 1924 |
Educatioun | United States Naval Academy, Union College |
Bestuet mat | Rosalynn Carter |
Mamm | Lillian Gordy Carter |
Geschwëster | Gloria Carter Spann, Ruth Carter Stapleton |
De Carter ass um Land, an Georgia, opgewuess a war e Kakuette-Bauer. Hie war vun 1963 bis 1967 Senator vun Georgia, a vun 1971 bis 1975 Gouverneur vun deem Staat. 1976 huet hien d'Presidentewale géint den deemolege President, de Republikaner Gerald Ford, gewonnen.
Den zweeten Dag am Amt huet hien d'Refractairen aus dem Vietnamkrich begnodegt. Aussepolitesch huet hien d'Camp David Accorden, d'Verträg iwwer de Panamakanal, déi de Kanal u Panama hanneschtginn hunn, an den zweeten Tour vun de SALT II-Verhandlungen iwwer Ofrëschtung vu strategesche Waffen ausgehandelt.
D'Enn vu senger Amtszäit war 1979–1981 markéiert vun der Iranescher Geiselkris, dem Accident an der Atomzentral vun Three Mile Island, an der sowjetescher Invasioun vun Afghanistan, déi de Kale Krich eskaléiere gedoen an ë. a. zum Boykott vun den Olympesche Spiller 1980 zu Moskau gefouert huet.
Innepolitesch war war hie virun allem an der Energie-, Bildungs- an Ëmweltpolitik engagéiert, huet et allerdéngs net gepackt, d'USA aus hirer Wirtschafts- a Gesellschaftskris erauszeféieren, firwat en no engem Mandat 1981 vum Republikaner Ronald Reagan ofgeléist gouf. Dem Carter säi Vizepresident war de Walter Mondale.
1982 huet de Jimmy Carter de Carter Center opgebaut, fir d'Mënscherechter doruechter virunzebréngen, a sech an de Joren dono an humanitären Aktiounen engagéiert.
Commons: Jimmy Carter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiquote: Jimmy Carter – Zitater |
Wikisource: Jimmy Carter – Quellentexter |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jimmy Carter, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.