De Max Ernst, gebuer den 2.
Abrëll">2. Abrëll 1891 zu Brühl a gestuerwen den 1. Abrëll 1976 zu Paräis, war en däitsche Kënschtler, Moler a Sculpteur.
Max Ernst | |
---|---|
Gebuertsnumm | Maximilian Maria Ernst |
Gebuer | 2. Abrëll 1891 Brühl |
Gestuerwen | 1. Abrëll 1976 7. Arrondissement |
Nationalitéit | Kuba, USA, Frankräich |
Educatioun | Universitéit Bonn |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Dichter, Graphiker, Designer, Bijousdesigner, Graveur, Psychiater, Bauzeechner, Illustrateur, Graveur, Zeechner |
Member vun | Der Blaue Reiter |
Famill | |
Bestuet mat | Peggy Guggenheim |
1919 huet hien zesumme mam Johannes Baargeld an Hans Arp d'Kölner Dada-Grupp gegrënnt. 1922 ass en op Paräis geplënnert, wou e sech mat de Surrealiste ronderëm den André Breton zesummegedoen huet an zu engem vun de wichtegste Memberen am kënschtleresche Beräich vun där Beweegung gouf. Um Ufank vum Zweete Weltkrich gouf en e puermol a Frankräich internéiert, konnt awer zesumme mat der Konschtmäzenin Peggy Guggenheim, déi seng drëtt Fra gouf, 1941 an den Exil an d'USA goen. 1953 ass e mat senger véierter Fra, der Molerin Dorothea Tanning, hannescht a Frankräich wunne gaangen.
Mat senge Biller, Collagen a Skulpturen huet de Max Ernst mysteriéis Bildkombinatiounen, bizarr Wiesen, déi dacks Vigel waren, a phantastesch Landschafte geschaf. Nieft sengem kënschtleresche Wierk huet hien och Gedichter geschriwwen, an autobiographesch, wéi och konschttheoreetesch Texter.
D'Technike Frottage, Grattage an Drip Painting, als Oszillation entwéckelt, ginn op hien zeréck.
Commons: Max Ernst – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Max Ernst, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.