Den Ontario ass eng Provënz am Südoste vum Kanada.
Ontario | |||||
| |||||
Devise: Ut Incepit Fidelis Sic Permanet ("Si huet loyal ugefaangen a bleift loyal") | |||||
All Provënzen an Territoirë vu Kanada | |||||
Land: | Kanada | ||||
Haaptstad: | Toronto | ||||
Gréisst Stad: | Toronto | ||||
Premierminister: | Doug Ford (PC) | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: | Op 4. Plaz 1.076.395 km² 14,7 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: | Op 1. Plaz 12.851.821 (2011) 14/km² | ||||
Deel vu Kanada ginn: | 1. Juli 1867 | ||||
Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||
Zäitzon: | UTC-5/-4 | ||||
Postcode: | ON |
Si ass mat iwwer 12 Millioune bei Wäitem déi Provënz mat de meeschten Awunner, a flächeméisseg nom Québec déi zweetgréisst.
Den Ontario grenzt am Norden un d'Hudson Bay an un d'James Bay, am Westen un d'Provënz Manitoba, am Osten un de Québec an am Süden un d'US-Bundesstaate Minnesota, Michigan, Ohio, Pennsylvania an New York.
D'Südgrenz vum Ontario mat den Vereenegte Staate besteet bal nëmmen aus Séien a Flëss. Vum Lake of the Woods aus leeft se viru laanscht véier vun de fênnef Grousse Séien, (Ieweschte Séi, Huronséi, Erieséi an Ontarioséi) an da laanscht de Sankt-Lorenz-Stroum bei Cornwall. Den Ottawa River mécht zum Deel d'Grenz mat Québec.
Den Ontario kann een an dräi Haaptregiounen andeelen:
Et gëtt keng Bierger, mä eng Rëtsch Hiwwelketten, den héchste Punkt vun der Provënz ass mat 693 Meter den Ishpatina Ridge bei Temagami. Den Ontario ass bekannt wéinst sengem Waasserräichtum. Et gëtt do 250.000 Séien¨, an d'Flëss hunn zesummen eng Längt vu méi wéi 100.000 Kilometer. Ganz bekannt sinn d'Niagarafäll. Iwwer de Sankt-Lorenz-Passage kënne Schëffer vum Atlanteschen Ozean bis op Thunder Bay am Nordweste vum Ontario fueren.
Am Ontario gëtt et fënnef Nationalparken: De Bruce-Peninsula-Nationalpark op der Bruce-Hallefinsel beim Huronsee, de Georgian-Bay-Islands-Nationalpark bei der George Bay vum Huronséi, de Point-Pelee-Nationalpark op enger Landzong am Eriesee, de Pukaskwa-Nationalpark nërdlech vum Ieweschte Séi an de Thousand-Islands-Nationalpark an der Regioun Thousand Islands.
|
Commons: Ontario – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Ontario, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.