Den Ernest Erny Brenner, gebuer den 13.
September">13. September 1931 zu Diddeleng, a gestuerwen den 9. Juli 2016 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Foussballspiller.
Erny Brenner | |
---|---|
Den Erny Brenner uewen den drëtte vu lénks | |
Gebuer | 13. September 1931 Diddeleng |
Gestuerwen | 9. Juli 2016 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Ofwierspiller |
Veräin/Ekipp | FC Aris Bouneweg, Stade Dudelange, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
Tëscht dem 10. Abrëll 1955 am 19. September 1965 huet hien a 67 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 5 Goler geschoss.
Mat 12 Joer huet den Erny Brenner beim Stade Diddeleng ugefaangene Foussball ze spillen. Duerno ass e bei d'Aris Bouneweg gewiesselt. Mat 21 Joer ass hien erëm zeréck bei de Stade Diddeleng gewiesselt, wou e bis 1965 als Back a Kapitän gespillt huet.
Den Erny Brenner war bestuet an huet ee Kand. Säi Bouf Romain war och Foussballspiller zu Diddeleng an ass fir den Ament (2016) Vizepresident vum F91.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Erny Brenner, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.