Den Empire State Building ass en Héichhaus, dat zu New York an der 5th Avenue an West 34th Street ze fannen ass.
Bis zum Bau vum World Trade Center war et 40 Joer laang dat welthéchstent Gebai.
Den Empire State Building ass ausserdeem vun der American Society of Civil Engineers zu engem vun de 7 Weltwonner vun der moderner Welt erkläert ginn. D'Gebai gehéiert der Firma W&H Properties.
Do, wou haut den Empire State Building steet, war am 18. Joerhonnert eng Farm, déi dem John Thomson gehéiert huet.
Den 28. Juli 1945 ass e Bomber an déi nërdlech Säit vum Empire State Building geflunn. De Brand konnt banne 40 Minutte geläscht ginn. 14 Leit sinn dobäi ëm d'Liewe komm. Trotz der Katastroph war den Empire State Building d'Woch drop erëm betribsfäeg.
An der Zäit hunn iwwer 30 Leit sech do d'Liewe geholl.
Commons: Empire State Building – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Empire State Building, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.