Koningrijk der Nederlanden Royaume des Belgiques
Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden | |
Fändel | |
Holland (1 an 2), Belsch (3 a 4) a Lëtzebuerg (5) 1839. | |
Offiziell Sproochen | Hollännesch a Franséisch |
Haaptstad | Amsterdam Regierungssëtz: ofwiesselnd Den Haag a Bréissel |
D'Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden (nl.: Koningrijk der Nederlanden, fr: Royaume des Belgiques bestoung vun 1815 bis 1830 (1839). Den Zousaz verenigd koum am Laf vun der Zäit derbäi, fir et vum haitege Koninkrijk der Nederlanden z'ënnerscheeden.
Et war en neien europäesche Staat, deen um Wiener Kongress 1815 gegrënnt gi war. Dee Staat huet sech aus de fréieren Éisträicheschen Nidderlanden – zesumme mam fréiere Prënzbistum Léck, mat der fréierer Fürstabtei Stavelot-Malmedy am Süden – an aus der fréierer Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen am Norden zesummegesat.
D'geopolitescht Zil war et, e staarke liewensfäege Staat nërdlech vu Frankräich ze hunn, dee verhënnere sollt, datt Frankräich nees probéiere géif, sech dohin auszebreeden. Allerdéngs huet d'Zesummepraffe vun engersäits der aler onofhängeger a biergerlecher Handelsrepublik (den hollännesch-friseschen Norden) mat anerersäits enger fréierer Confederatioun vun ënnerschiddleche Principautéiten (de wallounesch-flämesche Süde viru 1794) séier zu Spannunge gefouert. Déi hu schliisslech 1830 dozou gefouert, datt déi südlech Provënze sech an der belscher Revolutioun ofgetrennt hunn, fir de Staat Belsch ze grënnen.
D'belsch Onofhängegkeet gouf awer eréischt 1838 vum Wëllem I. unerkannt, wéi en dem Kompromëss zougestëmmt huet, datt d'Provënz Limburg an d'Groussherzogtum Lëtzebuerg sollte gedeelt ginn, wat dunn 1839 geschitt ass. Am Norden ass dunn dat aktuellt Kinnekräich vun den Nidderlanden Rescht bliwwen.
Lëtzebuerg huet net zum Vereenegte Kinnekräich gehéiert, et war als Groussherzogtum e Member vum Däitsche Bond. Den hollännesche Kinnek war allerdéngs a Personalunioun och Groussherzog vu Lëtzebuerg, an huet Lëtzebuerg de facto wéi eng hollännesch Provënz behandelt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.