De Joachim Fuchsberger, gebuer den 11.
Mäerz">11. Mäerz 1927 zu Zuffenhausen bei Stuttgart a gestuerwen den 11. September 2014 zu Grünwald bei München, war en däitsche Schauspiller an Entertainer.
Joachim Fuchsberger | |
---|---|
bei der Gala vum Fernseepräis Romy (2008) | |
Gebuer | 11. Mäerz 1927 Stuttgart |
Gestuerwen | 11. September 2014 Grünwald |
Nationalitéit | Däitschland, Australien |
Aktivitéit | Schauspiller, Televisiounsmoderateur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Gitta Lind, Gundula Korte |
Kanner | Thomas Fuchsberger |
En ass duerch déi dräi 08/15 Filmer bekannt ginn. Spéider war hien aus den däitschen Edgar-Wallace-Filmer net ewech ze denken.
Op der Televisioun war hien tëscht 1990 an 1995 bei der ARD als Quizmaster an der Sendung "Ja oder Nein" aktiv, donieft huet hien tëscht 1980 an 1991 300-mol d'Talkshow Heut' abend, eng Produktioun vun der Bayerescher Tëlee geleet.
De Fuchsberger huet sech am Joer 1951 mat der Schlagersängerin Gitta Lind bestuet. No der Scheedung huet hie sech 1954 mat der Schauspillerin Gundula Korte bestuet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Joachim Fuchsberger, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.