D'Lil Dagover, gebuer als Martha Marie Antonia Siegelinde Martha Seubert den 30.
September">30. September 1887 zu Madioen, Oost-Java, haut Madiun, Java, Indonesien a gestuerwen den 23. Januar 1980 zu Grünwald-Geiselgasteig war eng däitsch Film- an Theaterschauspillerin.
Lil Dagover | |
---|---|
Gebuertsnumm | Marie Antonia Siegelinde Martha Seubert |
Gebuer | 30. September 1887 |
Gestuerwen | 24. Januar 1980 |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Georg Witt |
Stommfilmer ënner der Regie vum Fritz Lang (Der müde Tod), vum Robert Wiene (Das Cabinet des Dr. Caligari) a Friedrich Wilhelm Murnau (Tartüff) hunn d'Lil Dagover bekannt gemaach.
Am Tounfilm huet si och an interessante Filmer wéi Schlußakkord vum Detlef Sierck, Buddenbrooks vum Alfred Weidenmann, Karl May vum Hans-Jürgen Syberberg a Geschichten aus dem Wienerwald vum Maximilian Schell matgespillt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lil Dagover, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.