Den Antoine (Tony) Neuman, gebuer den 20.
Juni">20. Juni 1902 zu Feelen, gestuerwen den 29. Januar 1979 zu Cap-Ferrat, war e lëtzebuergeschen Affekot, Nottär, Gaardenamateur a Konschtmäzen.
Tony Neuman | |
---|---|
Gebuer | 20. Juni 1902 |
Gestuerwen | 29. Januar 1979 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Affekot |
Famill | |
Papp | Joseph Neuman |
Mamm | Thérèse Salentiny |
Hie war President vum Verwaltungsrot vun der ARBED, President vun der Chambre de commerce a Vizepresident vum lëtzebuergesche Roude Kräiz.
Um Lampertsbierg huet den Tony Neuman bei senger Villa e grousse Park mat Arboretum uleeë gelooss, deen hien dem Roude Kräiz hannerlooss huet. De Park Neuman gëtt vun der Stad Lëtzebuerg betreit an ass fir jiddwereen op.
No senger Première am Kolléisch studéiert den Tony Neuman Droit zu Paräis an zu Alger, gëtt dann Affekot an Nottär, fir d'éischt zu Réimech (1929), duerno zu Diddeleng (1937 - 1947), do och fir d'ARBED.
1947 huet den Tony Neuman eng Villa mat groussem Gaart an der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg (Stad Lëtzebuerg) kaaft. 1959 huet hien d'Propriétéit duerch Ukaf erweidert an huet den Alphonse Hollmann als Gäertner engagéiert, deen de Park a senger haiteger Form ugeluecht huet.
Den Tony Neuman war Konschtamateur a Mäzen. A sengem Gaart, dem haitege Parc Tony-Neuman, goufe Skulpture vu lëtzebuergeschen an auslännesche Kënschtler (ë. a. vum Lucien Wercollier a vum Henri Laurens) installéiert. A senger Villa huet hie méi dacks säi Frënd Edward Steichen empfaangen.
Commons: Tony Neuman – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Tony Neuman, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.