1957 Jean Vu Lëtzebuerg: Brudder vum Groussherzog Henri

De Prënz Jean-Félix-Marie-Guillaume vu Lëtzebuerg, gebuer de 15.

1957 Jean Vu Lëtzebuerg: Studien a Karriär, Familljeliewen, Rumeuren am Zesummenhang mat der Bommeleeër-Affaire Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Brudder vum Groussherzog Henri. Fir de fréiere Groussherzog Jean, kuckt wgl. Jean vu Lëtzebuerg.

Mee">15. Mee 1957 am Schlass vu Betzder, ass de Fils vum Groussherzog Jean, Brudder vum Groussherzog Henri an den Zwillingsbrudder vun der Prinzessin Margaretha. Hien dréit zanter 1986 den Numm Jean Nassau.

Jean vu Lëtzebuerg
1957 Jean Vu Lëtzebuerg: Studien a Karriär, Familljeliewen, Rumeuren am Zesummenhang mat der Bommeleeër-Affaire
Titelen
Biographie
Gebuer 15. Mee 1957
Schlass Betzder
Papp Jean vu Lëtzebuerg
Mamm Joséphine-Charlotte vun der Belsch
Geschwëster Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, Margaretha vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg, Henri vu Lëtzebuerg

Studien a Karriär

De Prënz Jean ass zu Lëtzebuerg, an der Schwäiz an a Frankräich, wou hie säi Baccalaureat gemaach huet, an d'Schoul gaangen. Duerno ass hien an England op d'Royal Military Academy vu Sandhurst gaangen, wou hien 1977 Offizéier gouf. Am Joer 1979 gouf hie Kapitän vun der Lëtzebuerger Arméi genannt.

Säi Studium huet de Prënz Jean vun 1978 bis 1982 op der Universitéit Genf an um Webster College zu Genf gemaach. Hien huet och 1986 en MBA op der INSEAD zu Fontainebleau bei Paräis gemaach.

Seng berufflech Carrière huet 1982 bei W.R. Grace zu New York ugefaangen. Vun 1985 un huet hie bei der Pargesa Holding vum Albert Frère geschafft ier hien 1987 Project Manager bei Booz-Allen & Hamilton ginn ass. 1991 huet hien eng Immobiliegesellschaft matgegrënnt, a war vun 1993 bis 1997 Finanzberoder. Hie war och am Verwaltungsrot vun der Bank Degroof, Telindus France, Air Entreprise a Provence Europe. Am Grupp Suez war hie Senior Vice president vun ONDEO Degrémont, an duerno e Beroder fir internationalen Developpement. 2006 huet de Prënz Jean der Suez hir Waasseraktivitéiten a Südafrika, d'Filial WSSA (Water Solutions South Africa) ofkaaft an d'Holding "Mea Aqua" matgegrënnt.

Ufanks vum Joerhonnert war de Prënz President vun der Chambre de commerce belgo-luxembourgeoise en France a spéider nees vun 2009 bis 2013.

Familljeliewen

Den 8. September 1986 ass de Prënz Jean Papp vun enger Duechter, der Marie-Gabrielle, ginn. Kuerz drop, de 26. September 1986, huet hien op seng Rechter an der Trounfolleg verzicht an den Numm "de Luxembourg" fir den Numm "Nassau" opginn. De 27. Mee 1987 huet hien d'Mamm vu senger Duechter, d'Hélène Suzanne Vestur, bestuet. An der Trounfolleg hätt hien den Accord vum Chef de Famille, also sengem Papp, gebraucht fir sech ze bestueden, en Accord deen hien awer net kritt huet.

De Prënz Jean huet véier Kanner: d'Marie-Gabrielle (aus dem éischte Bestietnes), de Constantin (*22. Juli 1988), de Wenceslas (*17. November 1990) an de Carl-Johann (*15. August 1992). D'Kanner droen de Familljennumm Nassau an den Titel Comte respektive Comtesse de Nassau.

De Prënz Jean huet laang zu Paräis gelieft, an am Privatsekter geschafft.

No senger Scheedung, am Dezember 2004, ass de Prënz nees reegelméisseg zu Lëtzebuerg bei offiziellen Empfäng gesi ginn.

Den 18. Mäerz 2009 huet de Prënz Jean zu Roermond (Holland) d'Diane de Guerre bestuet. Si ass d'Duechter vum Gaston de Guerre a vun der Gräfin Wolff-Metternich

Rumeuren am Zesummenhang mat der Bommeleeër-Affaire

1957 Jean Vu Lëtzebuerg: Studien a Karriär, Familljeliewen, Rumeuren am Zesummenhang mat der Bommeleeër-Affaire  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bommeleeër.
Aus de Jore vu sengem éischte Bestietnes a sengem Verzicht op seng Rechter op d'Trounfolleg stamen d'Rumeuren, datt de Prënz Jean, den oder ee vun de sougenannte Bommeleeër wier. Den 9. November 2005 huet een Zeien op RTL Radio an Televisioun ausgesot de Prënz Jean den 9. November 1985 am fréie Moien no beim Site vum Attentat deen Dag um Findel gesinn ze hunn. Den Zeien huet och uginn déi Deklaratioune schonn am Joer 1985 bei der Police gemaach ze hunn, ouni datt et Suite gehat hätt. De Prënz gouf dorop den 9. Dezember 2005 vun der Police judiciaire verhéiert. De Parquet huet den 22. Februar 2006 an engem Communiqué bekannt ginn, datt d'Virwërf sech no Verifikatioun net bestätegt hätten.

Literatur

  • Morbach, F. & J.-L. Siweck, 2014. Der unbekannte Prinz. Die "Bommeleeër"-Affäre hat ihn zurück gebracht ins Rampenlicht der Luxemburger Öffentlichkeit. Luxemburger Wort vum 12. Juli 2014, S. 2-3.

Um Spaweck

Referenzen

Tags:

1957 Jean Vu Lëtzebuerg Studien a Karriär1957 Jean Vu Lëtzebuerg Familljeliewen1957 Jean Vu Lëtzebuerg Rumeuren am Zesummenhang mat der Bommeleeër-Affaire1957 Jean Vu Lëtzebuerg Literatur1957 Jean Vu Lëtzebuerg Um Spaweck1957 Jean Vu Lëtzebuerg15. Mee19571986Henri vu LëtzebuergJean vu LëtzebuergMargaretha vu LëtzebuergSchlass Betzder

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Pierre Nimax Jr.CFL 55191924Trauliicht (Brauch)Joseph KutterEdfu1191Octavie ModertVereenegt Arabesch EmiraterRenert oder de Fuuss am Frack an a MaansgréisstJoe BidenJean HussPôle Nord (Stad Lëtzebuerg)MisärsbréckBenny QuickBan de Gasperich21. JuniNorbert CampagnaLeekollen zu LëtzebuergFrankie HansenJean-Pierre KemmerRussesch-Ukrainesche KrichGemeng DippechSchengenLëscht vu lëtzebuergesche KonschtschafendenHypertext Markup Language2002Cras-sur-ReyssouzeGemeng MonnerechSenta BergerTransport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-AlzetteSteve KasparStaatsrot (Lëtzebuerg)UEFA2005ErpeldingDüsseldorfFriddensgeriicht (Lëtzebuerg)Jean-Pierre AdamHarfMuttergottesliddStëbssuckelerMasturbatiounCharles MargueMarc DostertFoussgängerbréck an der Avenue KennedySpuenienSiegfried I. vu LëtzebuergChrëschtdagIvan BassoGaston ReineschGréiwelsRégis MoesGemeng DiddelengKonschtBatty Weber19. AbrëllMonica SemedoPornofilmA Wopbopaloobop A LopbamboomJean vu LëtzebuergHotel Grand-ChefAthénée de LuxembourgLiège-Bastogne-Liège 2019Gemeng PéitengApple MacintoshStéphanie WeydertWikiHandelsregësterRoche-aux-fauconsAmazonasDem Mich seng Kichen🡆 More