En Affekot ass e Jurist, deem seng traditionell Roll et ass, senge Clienten - sief dat physesch Persounen oder moralesch Persounen - hiren Interessi ze verdeedegen a se am Kader vu sengem Mandat viru Geriicht ze vertrieden.
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Seng Fonctioun ass et och seng Clienten ze beroden, juristesch Avisen ze ginn, Verträg opzesetzen, an Akten oder privatschrëftlech Transaktiounen ze begleeden.
Viru verschiddene Geriichter kann een net eleng optriede mä et muss ee sech vun engem Affekot vertriede loossen. Vun e puer legalen Ausnamen ofgesinn däerf och keen anere wéi en Affekot reegelméisseg juristesch Berodunge ginn oder fir anerer privatschrëftlech juristesch Akte redigéieren. Den Zougank zum Beruff ass gesetzlech gereegelt an den Titel vum Affekot ass geschützt.
Dacks schléisse sech Affekoten zu e puer an enger Etude zesumme fir hir Beruffsaktivitéiten auszeüben. Well et ëmmer méi an ëmmer méi komplex Reegele gëtt, spezialiséieren déi meescht Affekote sech zudeems op eng Branche am Droit.
En Affekot muss Member vun enger Beruffsorganisatioun sinn, dem Barreau. Bei deem vu Lëtzebuerg si ronn 3.000 Affekoten ageschriwwen a bei deem vun Dikrech eng 45.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Affekot, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.