D'Barbra Streisand, gebuer de 24.
Abrëll 1942 zu Brooklyn, New York City als Barbara Joan Streisand, ass eng US-amerikanesch Sängerin a Filmschauspillerin.
Barbra Streisand | |
---|---|
Gebuertsnumm | Barbara Joan Streisand |
Gebuer | 24. Abrëll 1942 Brooklyn |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Lee Strasberg Theatre and Film Institute, HB Studio |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Sänger, Filmregisseur, Liddermécher, Filmproduzent, Schrëftsteller, Jazzmuseker, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Discographesche Kënschtler, Regisseur |
Partei | Demokratesch Partei |
Famill | |
Bestuet mat | James Brolin |
Liewenspartner(in) | Barry Dennen |
Kanner | Jason Gould |
D'Barbra Streisand huet hir Karriär an den 1960er Joren als Musicalschauspillerin ugefaangen, a bis haut ronderëm d'Welt iwwer 140 Mio. Albe verkaaft, wat si zu enger vun de Sängerinne mat dem géisste kommerziellen an artistesche Succès an der Geschicht vun der moderner Ënnerhalungsmusek mécht., Och als Schauspillerin huet si sech ervirgedoen: Zanter hirem Duerchbroch mat der Haaptroll am Film Funny Girl (1968) gëtt si zu de Stare vum New Hollywood gezielt a konnt sech zanterhir mat eegene Filmproduktiounen a Regieaarbechten etabléieren. Fir hir musekalesch Leeschtunge krut si e puermol e Grammy Award, ausserdeem huet si en Oscar als bescht Haaptroll (Funny Girl) a fir de beschte Filmsong (A Star Is Born) gewonnen. Dobäi koumen e puer Emmyen, Golden Globe Awards an ee Special Tony Award. Si ass déi eenzeg Kënschtlerin, déi a fënnef Joerzéngten noeneen allkéiers op d'mannst een Album op der 1. Plaz vun de Billboard 200-Charts hat.
Commons: Barbra Streisand – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Barbra Streisand, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.