Dezember">9. Dezember 1916 zu Amsterdam (New York), a gestuerwen de 5. Februar 2020 zu Beverley Hills, a Kalifornien , war en US-amerikanesche Schauspiller , Filmregisseur, Filmproduzent an Auteur.
Kirk Douglas Gebuertsnumm איסר דניאלאָוויטש, Issur Danielovitch Demsky, Iszur Danyielovics Gyemszkij Gebuer 9. Dezember 1916 Amsterdam (NY) Gestuerwen 5. Februar 2020 Beverly Hills Nationalitéit USA Educatioun American Academy of Dramatic Arts, St. Lawrence University Aktivitéit Filmproduzent , Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur , Dréibuchauteur , Auteur, Zaldot, Theaterschauspiller, Schauspiller Partei Democratic Party Famill Bestuet mat Diana Dill, Anne Buydens Kanner Michael Douglas , Joel Douglas, Peter Douglas, Eric Douglas
De Kirk an d'Anne Douglas mam Ronald Reagan (Dezember 1987) Hie war de Papp vum Schauspiller Michael Douglas .
Am Joer 1946 war de Kirk Douglas am Film The Strange Love of Martha Ivers vum Lewis Milestone fir d'éischt am Kino ze gesinn. Groussen Erfolleg hat hien an der Roll vun engem skrupellose Journalist am Film Ace in the Hole (1951), vum Billy Wilder . Eng vun den Haaptrollen nieft dem James Mason a Peter Lorre krut hien 1954 an der spektakulärer Jules Verne -Verfilmung 20,000 Leagues Under the Sea . vum Richard Fleischer . Den Antikrichsfilm Paths of Glory (1957) vum Stanley Kubrick deen am Éischte Weltkrich spillt gouf a Frankräich eréischt am Joer 1975 fir d'éischt gewise well d'Anciens Combattants géint de Film Stuerm gelaf sinn.
Duerno koumen 2 Western vum John Sturges Gunfight at the O.K. Corral (1957) a Last Train from Gun Hill (1958) beim Publikum gutt un. Groussen Erfolleg hat dunn och de geschichtlechen Abenteuerfilm The Vikings (1958) vum Richard Fleischer deen zum Deel an der Bretagne um Fort-La-Latte gedréint gouf.
Säi gréissten Erfolleg hat de Kirk Douglas mat sengem selwer produzéierte Film Spartacus (1960) ënner der Regie vum Stanley Kubrick an deem hien d'Haaptroll nieft dem Laurence Olivier, Jean Simmons , Charles Laughton a Peter Ustinov gespillt huet.
Filmographie
Kino als Schauspiller vun 1946 bis 1949 vun 1950 bis 1959 1950: The Glass Menagerie , vum Irving Rapper mam Jane Wyman 1950: Young Man with a Horn , vum Michael Curtiz mam Lauren Bacall an Doris Day 1951: Along the great divide , vum Raoul Walsh mam Virginia Mayo an John Agar 1951: Ace in the Hole , vum Billy Wilder mam Jan Sterling 1951: Detective Story , vum William Wyler mam Eleanor Parker a William Bendix 1952: The Big Trees , vum Felix E. Feist mam Eve Miller an Edgar Buchanan 1952: The Big Sky , vum Howard Hawks mam Dewey Martin 1953: The Bad and the Beautiful , vum Vincente Minnelli mam Lana Turner a Walter Pidgeon 1953: Story of three Loves , Sketch: Equilibrium , vum Gottfried Reinhardt mam Pier Angeli 1953: Un acte d'amour , vum Anatole Litvak mam Dany Robin a Barbara Laage 1953: The Juggler , vum Edward Dmytryk mam Milly Vitale 1954: 20,000 Leagues Under the Sea , vum Richard Fleischer mam James Mason a Peter Lorre 1954: Ulisse , vum Mario Camerini a Mario Bava mam Silvana Mangano an Anthony Quinn 1955: The Racers , vum Henry Hathaway mam Bella Darvi a Gilbert Roland 1955: Man Without a Star , vum King Vidor mam Jeanne Crain a Claire Trevor 1955: The Indian Fighter , vum André De Toth mam Elsa Martinelli a Walter Matthau 1956: Lust for Life , vum Vincente Minnelli, mam Anthony Quinn an James Donald 1957: Top Secret Affair , vum H.C. Potter mam Susan Hayward 1957: Paths of Glory , vum Stanley Kubrick mam Ralph Meeker an Adolphe Menjou 1957: Gunfight at the O.K. Corral , vum John Sturges mam Burt Lancaster a Rhonda Fleming 1958: The Vikings , vum Richard Fleischer mam Tony Curtis an Janet Leigh 1959: Last Train from Gun Hill , vum John Sturges mam Anthony Quinn a Carolyn Jones 1959: The Devil's Disciple , vum Guy Hamilton mam Burt Lancaster a Laurence Olivier vun 1960 bis 1969 1960: Spartacus , vum Stanley Kubrick mam Laurence Olivier, Jean Simmons , Charles Laughton a Peter Ustinov 1960: Strangers When We Meet , vum Richard Quine mam Kim Novak a Walter Matthau 1961: The Last Sunset , vum Robert Aldrich mam Rock Hudson an Dorothy Malone 1961: Town Without Pity , vum Gottfried Reinhardt mam Barbara Rütting a Christine Kaufmann 1962: Two Weeks in Another Town , vum Vincente Minnelli mam Edward G. Robinson a Cyd Charisse 1962: Lonely Are the Brave , vum David Miller mam Gena Rowlands a Walter Matthau 1962: The Hook , vum George Seaton mam Robert Walker Jr. 1963: Seven Days in May , vum John Frankenheimer mam Burt Lancaster an Ava Gardner 1963: The List of Adrian Messenger , vum John Huston mam George C. Scott an Dana Wynter 1963: For Love or Money , vum Michael Gordon mam Mitzi Gaynor a Gig Young 1965: In Harm's Way , vum Otto Preminger mam John Wayne a Patricia Neal 1965: The Heroes of Telemark , vum Anthony Mann mam Richard Harris an Ulla Jacobsson 1966: Cast a Giant Shadow , vum Melville Shavelson mam Senta Berger an Angie Dickinson 1967: Paris brûle-t-il? , vum René Clément mam Alain Delon , Glenn Ford , Simone Signoret , Gert Fröbe , Jean-Paul Belmondo a Leslie Caron 1967: The Way West , vum Andrew V. McLaglen mam Robert Mitchum a Richard Widmark 1967: The War Wagon , vum Burt Kennedy mam John Wayne an Howard Keel 1968: A Lovely Way to Die , vum David Lowell Rich mam Sylva Koscina an Eli Wallach 1968: The Brotherhood , vum Martin Ritt mam Alex Cord an Irene Papas 1969: The Arrangement , vum Elia Kazan mam Faye Dunaway an Deborah Kerr vun 1970 bis 1979 1970: There Was a Crooked Man… , vum Joseph L. Mankiewicz mam Henry Fonda a Warren Oates 1971: The Light at the Edge of the World , vum Kevin Billington mam Yul Brynner a Samantha Eggar 1971: Gunfight , vum Lamont Johnson mam Johnny Cash a Karen Black 1971: Catch Me a Spy , vum Dick Clement mam Marlène Jobert an Trevor Howard 1972: Un uomo da rispettare , vum Michele Lupo mam Giuliano Gemma a Wolfgang Preiss 1977: Once Is Not Enough , vum Guy Green mam Alexis Smith an David Janssen 1977: Holocaust 2000 , vum Alberto De Martino mam Anthony Quayle an Agostina Belli 1978: The Fury , vum Brian De Palma mam John Cassavetes 1979: The Villain , vum Hal Needham mam Ann-Margret an Arnold Schwarzenegger 1979: Home Movies , vum Brian De Palma mam Nancy Allen vun 1980 bis 1989 vun 1990 bis 2004 1991: Oscar , vum John Landis mam Sylvester Stallone an Ornella Muti 1991: Veraz , vum Xavier Castano mam Richard Bohringer 1994: Greedy , vum Jonathan Lynn mam Michael J. Fox 1999: Diamonds , vum John Asher mam Dan Aykroyd a Lauren Bacall 2003: It Runs in the Family , vum Fred Schepisi mam Michael Douglas 2004: Illusion, vum Michael A. Goorjian als Regisseur a Schauspiller 1972: Scalawag , mam Mark Lester an Don Stroud 1975: Posse , mam Bruce Dern a Bo Hopkins Literatur
Kirk Douglas: The Broken Mirror. (Roman) Kirk Douglas: Young Heroes Of The Bible. Kirk Douglas: Dance With The Devil. (Roman) Kirk Douglas: Der letzte Tango in Brooklyn. (Roman) Kirk Douglas: The Ragmans Son. 1988. (Autobiographie) Kirk Douglas: Let's Face It: 90 Years of Living, Loving, and Learning. 2007. (Autobiographie) Kirk Douglas: I am Spartacus (2013) Roland Lacourbe: Kirk Douglas. Seine Filme - sein Leben. Heyne, München 1985, ISBN 3-453-86088-8 . Christian Bureau: Kirk Douglas. L'ombre d'un géant Um Spaweck
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kirk Douglas , which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0") ; additional terms may apply (view authors ). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.