De Philip Crowther, gebuer 1981, ass e brittesch - däitsch - lëtzebuergesche Journalist.
Philip Crowther | |
---|---|
De Philip Crowther (2019) | |
Gebuer | 1981 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Däitschland, Lëtzebuerg |
Educatioun | Stater Kolléisch, King’s College London |
Aktivitéit | Journalist |
Hien ass am Wäissen Haus Korrespondent fir ë. a. France 24, RTBF, RTL Télé Lëtzebuerg an de Radio 100,7 a Member vun der White House Correspondents' Association.
Am Kader vun der Vereedegung vum 46. US-amerikanesche President 2021 gouf hien international als polyglotte Journalist bekannt well hie fléissend op Franséisch, Spuenesch, Portugisesch, Englesch, Däitsch a Lëtzebuergesch kommentéiert huet.
De Philip Crowther ass als Bouf vun enger däitscher Mamm an engem englesche Papp zu Mamer opgewuess. Hie war am Stater Kolléisch, wou hien 2001 seng Première gemaach huet ier hien zu London um King's College Spuenesch studéiert huet a säi Studium 2008 mat engem Bachelor of Arts ofgeschloss huet. Hien huet och nach en Zousazstudium am Tëlee-Journalismus op der University of the Arts gemaach.
Ier hien op Washington geplënnert ass wou hien elo wunnt a schafft, war hie Reporter bei France 24 zu Paräis an huet ë. a. an Italien, Angola, Südafrika, Däitschland, Groussbritannien an a Libyen, Reportagë gemaach .
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Philip Crowther, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.